Diskussioun:Wesertalspär

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Am "Héicht Venn"-Artikel hu mer stoen "Eng grouss Partie vum Héige Venn ass Deel vum Naturpark Hohes Venn-Eifel." Beim Park kéinte mer kucken, wéi mer deen nenne missten, fir datt mer net Getriwwels mat den zwéin Nimm kréien, dee vum Park an dee vum Héige Venn selwer. --Cornischong 07:45, 8 Oktober 2006 (UTC)

Bis elo hate mer fir den Ausdrock "Talspär" d'Wuert "Barrage". --Cornischong 07:53, 8 Oktober 2006 (UTC)

Am Norde vum Land ass de Begrëff "Talspär" vill méi gebräichlech wéi dat "franséicht" "Barrage".--Robby 07:58, 8 Oktober 2006 (UTC)

Da riskéiere mer, eis selwer dronken ze maachen.

Zum Numm: Dat mat "Weeser" ass och kribbeleg. Den Original ass jo "Weser" oder "Vesdre" (an dat wieren der schonns zwéin!). Mer wäerten och nach ze di kréie mat deeër aner "Weser". --Cornischong 08:07, 8 Oktober 2006 (UTC)

Et ass schons eng quokeleg Saach. Den däitsche Numm Weser ass deene meeschte Lëtzebuerger méi geleefeg wéu de franséische Numm Vesdre. Fir vill Lëtzebuerger schwätzt daat sech och méi licht. Wéi et elo genee soll geschriww ginn, wëll ech mat kengem streiden. Wëll awer do an deem Eck och däitsch offiziell Sprooch ass géif ech den däitsche num virzéien Les Meloures 09:48, 8 Oktober 2006 (UTC)