Herve

Vu Wikipedia
Herve
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Awunner 17.598 (1. Januar 2018)
Fläch 5 684
Koordinaten 50° 36’ 44’’ N
      05° 44’ 47’’ O
Telefonszon 087
Postcode 4650
Websäit https://www.herve.be
Lag vun Herve an der Provënz Léck.
Haiser mat Perron an der Pottiérue

Herve, op Wallounesch Heve, ass eng belsch Stad a Gemeng an der Provënz Léck.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Si läit an direkter Linn 8 km vu Verviers a 17 km vu Léck ewech. Herve ass d'Haaptstad vum Pays de Herve.

Den Zentrum vun Herve läit op enger Héicht vun 290 Meter, op der Kiercheplaz.

Herve ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer d'Nationale 3 déi vu Léck op d'däitsch Grenz, an da weider iwwer d'Bundestrooss 264 op Oochen féiert, an iwwer d'Nationale 627 vun Herve op Moelingen.

Fréier hat d'Stad och en Uschloss un d'Eisebunnsnetz iwwer d'Linn38 déi vu Chênée op Plombières gefouert huet. Hautdesdaags féiert iwwer déi Streck e RAVeL.

Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Battice, Bolland, Bruyères, Chaineux, Charneux, Grand-Rechain, Herve, José, Julémont, Manaihant an Xhendelesse.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Déi sechs Bueren[änneren | Quelltext änneren]

Déi sechs Bueren, op Wallounesch Lu Six Batches, ass eng Konstruktioun aus 6 stengen Träch, vun deene jiddweree säin Numm huet, an der Legend no ee bestëmmten Zweck hat:

  • Lu batch à djvas: fir d'Päerd ze dränken
  • Lu batch à pourcès: fir d'Schwäin ze wäschen
  • Lu grand batch: fir d'Wäschfraen
  • Lu p'tit batch: fir d'Träipen ze botzen
  • Lu reû batch: fir den Hausgebrauch
  • Lu batch Lecomte: dat bescht Waasser. Der So no krut den Trach säin Numm vun der Famill Lecomte déi nëmmen aus deem Buer hiert Waasser soll geholl hunn.
D'Kierch mat dem verdréinten Tuerm[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch Saint Jean-Baptiste gouf am 17. Joerhonnert gebaut. De befestegten Tuerm, deem seng Mauren tëscht 2,5 bis 3 Meter déck sinn, ass aus dem 13. Joerhonnert an huet fréier zu der Festung vun Harve gehéiert. En ass 49 Meter héich, an en huet eng verdréint Daachspëtz.

D'Kierch gouf de 15. Mäerz 1934 als Monument klasséiert.

De verdréinten Tuerm zu Herve
Ee vun den Träch vun de sechs Bueren
Al Haiser mat Perron an der Rue Jardon.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Herve – Biller, Videoen oder Audiodateien