Hamont-Achel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Hamont-Achel
Flag of Hamont-Achel.svg
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag of Flanders.svg Flandern
Communautéit Flämesch Communautéit
Provënz Vlaams-limburg.png Limburg
Arrondissement Maaseik
Telefonszon 011
Postcode 3930
Koordinaten 51° 15' 00" N
05° 32' 00" O
Fläch  4 373 ha
Bevëlkerung  13 898 (1. Jan. 2008)

Hamont-Achel ass eng belsch Stad a Gemeng an der flämeschsproocheger Communautéit an der Regioun Flandern, an der Provënz Limburg. D'Géigend ëm Hamont ass als d'Campine (nl:Kempen) bekannt.

Geschichtleches [änneren]

D'Gemeng ass 1975 bei der belscher Gemengereform aus den zwou Gemengen Hamont an Achel enstanen. An der Gemeng wunnen 13.898 Leit a si huet eng Fläch vun 43,73 km².

Hamont war bis 1366 eng vun de Gudde Stied an der Grofschaft Loon bis déi un de Fürstentum Léck ugeschloss gouf, duerno war et eng vun den 23 Bonnes villes am Fürstentum Léck.

1985 krut d'Gemeng den Titel Stad dee bei de Fusioun verluergaange war, nees frësch unerkannt.

Bis an d'19. Joerhonnert war Hamont de gréissten Zentrum am nërdleche Limburg, wou Tränteler gewunnt hunn, déi hiren Handel an Däitschland, Frankräich, an Holland, haaptsächlech mat Koffergeschir a Parzeläi gedriwwen hunn. Si waren normalerweis an der gudder Saison op der Rees, an an de Wanterméint ware se bei hire Famillen. Deen Handel hat der Gemeng e relativ gudde Wuelstand bruecht, an en etlech schéin Träntelerhaiser sinn nach zu Hamont ze gesinn, wouvunner der e puer ënner Monumenteschutz stinn.

Kuckeswäertes [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Fändel vun der belscher Provënz Limburg Stied an der Provënz Limburg (Belsch) Drapeau de la Province de Limbourg

Beringen · Bilzen · Bree · Borgloon  · Dilsen-Stokkem · Genk · Halen · Hamont-Achel · Hasselt · Herk-de-Stad · Lommel · Maaseik · Peer · Sint-Truiden · Tongeren 

Fändel vun der belscher Provënz Limburg Gemengen an der Provënz Limburg (Belsch) Drapeau de la Province de Limbourg

Alken · As · Beringen · Bilzen · Bocholt · Borgloon · Bree · Diepenbeek · Dilsen-Stokkem · Genk · Gingelom · Halen · Ham · Hamont-Achel · Hasselt · Hechtel-Eksel · Heers · Herk-de-Stad · Herstappe · Heusden-Zolder · Hoeselt · Houthalen-Helchteren · Kinrooi · Kortessem · Lanaken · Leopoldsburg · Lommel · Lummen · Maaseik · Maasmechelen · Meeuwen-Gruitrode · Neerpelt · Nieuwerkerken · Opglabbeek · Overpelt · Peer · Riemst · Sint-Truiden · Tessenderlo · Tongeren · Voeren · Wellen · Zonhoven · Zutendaal

Commons: Hamont-Achel – Biller, Videoen oder Audiodateien