Ciney

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Cyney
Blason Ciney (Namur).svg
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Flag province namur.svg Namouer
Arrondissement Dinant
Telefonszon 083
Postcode 5590
Koordinaten 50° 17' 42" N
05° 06' 04" O
Fläch  14 756 ha
Bevëlkerung  15 317 (1. Jan. 2008)
D'Kierch vu Ciney

Ciney ass eng belsch Stad an der Provënz Namouer. Si krut den Titel Stad duerch en Arrêté Royal vun 1985.

D'Geigend ëm Cyney war schonn an der Fréigeschicht bewunnt, awer eréischt an der Réimerzäit gouf et eng richteg Uertschaft. Si gouf duerno vun de Barbaren zerstéiert, huet sech awer duerno lues a lues vergréissert fir am Mëttalter eng wichteg Plaz am Fürstentum Léck ze ginn. Vun ëm 1650 un war, Ciney eng Bonne ville am Fürstentum an en Doumkapitel hat säi Sëtz do, et war e Geriicht do, an et war den Haaptuert vun der Groussvogtei vum Condroz. Ciney gouf méi wéi eng Kéier zerstéiert, déi bekanntst Reiwerei wou et drënner ze leiden hat war d'Guerre de la vache. Ciney ass haut d'Haaptstad vum Condroz, an nennt sech Clé et Porte de l'Ardenne.

Déi haiteg Gemeng ass bei der belscher Gemengereform vun 1977 entstanen. Deemools hu folgend Gemenge mat Ciney fusionéiert: Achêne, Braibant, Chevetogne, Conneux, Leignon, Pessoux, Serinchamps a Sovet.

D'Stierm am Fréijoer 2010 haten zu Ciney zimlech vill Schied hannerlooss, ënner anerem war de Kierchtuerm ewechgeblose ginn.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad ass, mat der Gare vu Ciney, un dat belsch Eisebunnsnetz ugeschloss iwwer d'Linn 162 déi Namouer mat Arel an doriwwer eraus mat Lëtzebuerg verbënnt.

Bis 1982 war do och den Terminus vun der Eisebunnsstreck Statte-Cyney.

Un d'Stroossennetz ass Ciney iwwer d'N97 ugeschloss, déi do Route Charlemagne heescht, an iwwer véier méi kleng Nationalsstroossen, an zwar d' N937, d'N936, d'N949 an d'N921.

Industrie[änneren | Quelltext änneren]

Ciney ass international bekannt fir de Béier dee fréier do gebraut gouf. Haut ginn déi dräi Zorte Béier, d'blonde, brune a spéciale vun der Brauerei Alken-Maes gebraut.

Véizuucht[änneren | Quelltext änneren]

Ciney ass de Sëtz vum engem Zootechnikzenter, vun de Büroe vum Häerdbuch vun der Rass Blanc bleu belge, an ee vun de gréisste Véimäert an Europa bei deem all Woch eng ronn 3.000 Béischte gehandelt ginn, gëtt all Freiden do ofgehalen.

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Ciney ass jumeléiert mat:

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Kierch Collégiale Saint-Nicolas
  • D'Kapell Notre-Dame de Hal
  • D'Kapell Notre-Dame an der rue Piconnette
  • D'Klouschter an Kapuzinerkierch
  • D'Kapell Saint-Hubert
  • D'Schlass mat dem Parc

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ciney – Biller, Videoen oder Audiodateien


Cineyvlag.gif Sektiounen an der Gemeng Ciney Cineyvlag.gif

Ciney - Achêne - Braibant - Chevetogne - Conneux - Leignon - Pessoux - Serinchamps - Sovet