Guerre de la vache

Vu Wikipedia
Stroosseschëld vun der touristescher Strooss Guerre de la Vache

Guerre de la vache ass den Numm vun engem Krich, deen tëscht 1275 an 1278 ongféier 60 Dierfer am Condroz, (Belsch) betraff huet, an die ronn 15.000 Mënscheliewe kascht huet.

Et ware Lécker, Brabänner, Lëtzebuerger, an Namourer, an dës Reiwerei verwéckelt, déi eng well se de Grof vun Namouer ënnerstetzt hunn, an déi aner well se um Prënzbëschof vu Léck senger Säit stoungen.

Déi zwéin hate sech an d'Hoer kritt wéinst enger Kou déi zu Ciney geklaut gouf an op engem Maart zu Andenne erëmfonnt gouf.

Cyney huet deemools zum Fürstentum Léck gehéiert an Andenne zur Grofschaft Namur.

Déi geklaute Kou war awer am Fong geholl nëmmen eng bëlleg Ursaach, déi vum Herzog vu Brabant a vun de Grofe vu Lëtzebuerg an Namouer gebraucht gouf, fir géint de Bëschof vu Léck, deem Ciney zanter dem Joer 1000 gehéiert huet, kënnen ze krichen.

Tëscht Huy a Ciney gouf eng touristesch Strooss no där Streiderei genannt, d'Route Guerre de la Vache.