Couvin

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Couvin
center}}}
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Flag of Wallonia.svg Franséisch Communautéit
Provënz Flag province namur.svg Namouer
Arrondissement Philippeville
Telefonszon 060
Postcode 5560
Koordinaten Gnome-globe.svg50° 03’ 08’’ N
     04° 29’ 48’’ O
Fläch  20.693 ha
Bevëlkerung  13.576 2008
Couvin
D'rue de la Falaise zu Couvin um Uwänner vun der Eau Noire

Couvin ass eng belsch Stad an der Provënz Namouer. Si krut den Titel Stad duerch en Arrêté Royal vun 1985.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Couvin Läit am Dall vun der Eau Noire

Geschichtliches[änneren | Quelltext änneren]

Couvin war eng vun de Bonnes villes am fréiere Fürstentum Léck.

Dat éischt Dokument an deem vu Couvin riets geet ass vum 20. Abrëll 872, wéi de Charel de Plakapp, Coubinium in pago laumacense (Couvin am Land vun der Lomme) un d'Abtei Saint-Germains-des-Prés vu Paräis ofgetratt huet. Am Joer 996 koum Couvin duerch en Tosch un de franséische Kinnek Robert II.

Am Joer 1096 huet de Baudouin II., dee Soue gebraucht huet fir bei engem Kräizzuch matzemaachen, Couvin zesumme mat sengen anere Propritétéiten dem Otbert, Prënz-Bëschof vu Léck, fir 50 Goldmark verkaaft. Doderzou hunn nach folgend Uertschafte gehéiert: Frasnes, Nismes, Pesche, Boussu-en-Fagne, Gonrieux, Dailly, Petigny an Aublain.

Vun do un huet Couvin bis zum Enn vum 18. Joerhonnert zu Léck gehéiert, a gouf duerno wéi déi aner Deeler vun der Belsch fir eng kuerz Zäit vu 1795 - 1814 am Departement Sambre-et-Meuse u Frankräich ugeschlooss.

Uertschaften an der Gemeng a Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Pesche gëtt fir d'éischt an Akte vun de Patere vu Saint-Germain-des-Prés ernimmt. Déi hunn am Joer 1093 Terrainen un d'Fürstentum Léck verkaaft. Kuckeswäert Gebaier zu Pesche sinn d'Kapell Notre-Dame de Bonnes Pensées an déi al Vogtei d' Maison des Bailly.
  • Petigny gëtt als Herrschaft zanter dem 15. Joerhonnert ernimmt. D'Schlass vu Petigny staamt vu 1786. Dat fréiert Schlass gouf 1784 duerch e Feier zerstéiert. Ze kucke sinn de Pont du Bâty, d' Potale vun Notre-Dame du Rosaire an de Stauséi vum Ry de Rome.
  • Zu Brûly-de-Pesche ass d'Kierch Saint-Méen, déi 1855 op engem Terrain opgericcht gouf deen den Herzog vu Croy der Uertschaft geschent hat. Den Ensemble vum der Kierch mat dem Paschtoueschhaus, der Schoul, dem fréiere Gemengenhaus, an engem Bunker ass als historescht Monument klasséiert. Net wäit dovun ass d'Quell Saint Méen bei déi all Joer eng Prëssioun féiert.
  • Cul-des-Sarts krut säin Numm well et um Wutz vun de Sarte vum Fürstentum Léck louch. Kuckes wäertes sinn Maison en bauché, de Musée de la vie rurale an d'Maark mam Numm Borne des trois Empires.
  • Dailly ass fir d'éischt schrëftlech ëm 1313 an den Archive vun Namur ernimmt. Do geet och riets vum Philippe de Berck deen géint 1518 Här zu Dailly war, a vum Django Laffineur deen d'Roll vum Vogt an der Géigend hat.
  • Presgaux gëtt fir d'éischt 1686 an engem Akt ernimmt. Den Numm setzt sech zesummen aus den zesummegezunnene Wierder pré = Wiss, ès = nobäi a gaux dat am alfranséischen e Staangenholz bezeechent huet. Haut gëtt dofir op Franséisch gaulis gesot. Et handelt sech deemno ëm eng Plaz mat enger Wiss beim Bësch. Kuckeswäertes ass déi kleng Kapell Notre-Dame de Messines.
  • Mariembourg gëtt fir d'éischt am Joer 868 am Grondbuch vun der Abtei vu Lobbes, ënner dem Numm Vérofle ernimmt. Dëst Grondbuch gouf vum Bëschof vu Cambrai op Uerder vum Kinnek Lothaire, opgestallt.
  • Petite-Chapelle krut säin Numm eréischt am Laf vum 19. Joerhonnert. Zu Petite-Chapelle kann en déi al Tramsgare gesinn an dat aalt Kapuzinnerklouschter.
  • Gonrieux, d'Duerf vun de Steng an de Leeën, läit am Hank vum Plateau op deem d'Uertschaft Presgaux läit. An der Hallschent vum Hank huet een eng Vue iwwer d' Calestienne an d' Fagne. Bekannt ass do de Menhir mat dem Numm La pierre qui tourne. E steet op der Grenz vun den Uertschafte Gonrieux, Presgaux, a Bailleux, a markéiert och d'Grenz tëscht der Provënz Namouer an dem Hainaut. Intressant ass och nach d'Kierch vu 1737 mat engem Ënnentuerm, an déi zanter 1950 als historescht Monument klasséiert ass.
  • Boussu-en-Fagne mat dem Schlass vu Boussu-en-Fagne, dat der Grofefamill de Villermont gehéiert.
  • Brûly-de-Couvin
  • Aublain
  • Frasnes-lez-Couvin

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Couvin – Biller, Videoen oder Audiodateien