Dinant

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dinant
Flag of Dinant.svg
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Blason namur prov.svg Namouer
Arrondissement Dinant
Telefonszon 082
Postcode 5500
Koordinaten 50° 15' 31" N
04° 54' 43" O
Fläch  9 980 ha
Bevëlkerung  13 186 (1. Jan. 2008)

Dinant ass eng belsch Stad a Gemeng an der Wallounescher Regioun, an der Provënz Namouer.

Dinant läit um rietsen Uwänner vun der Meuse, eng 16 km nërdlech vun der franséischer Grenz a 24 km südlech vun Namouer. 2002 hat Dinant 12 763 Awunner. Wénst senger Lag am Meuse-Dall, a verschiddene Grotten an der Ëmgéigend, ass DInant eng beléiften Touristendestinatioun.

Inhaltsverzeechnes

Sektioune vun der Gemeng[änneren]

Anhée ,Anseremme, Bouvignes-sur-Meuse, Dinant, Dréhance, Falmagne, Falmignoul, Foy-Notre-Dame, Furfooz, Lisogne, Sorinnes an Thynes an d'Quartiere vu Les Rivages, Leffe an Neffe.

Geschicht[änneren]

Dinant war eng vun den 23 Bonnes villes vum Fürstentum Léck.

Am Éischte Weltkrich goufe beim Duerchmarsch vun der däitscher Arméi 674 Männer, Fraen a Kanner erschoss, a ganz Quartiere vun der Stad néiergebrannt, fir "Franc-tireurs" ze bestrofen, déi do solle gewiescht sinn.

Schonns 1466 gouf d'Stad vum Grof vu Flandern, Herzog vum Brabant, dem Limburg an der Bourgogne geplëmmt an zestéiert, well Leit vun do e sollte vernannt gehat hunn. 800 Leit goufen an der Meuse erdronk.

Kuckeswäertes[änneren]

Vue op Dinant
Dinant
Dinant
  • D'Abtei Notre-Dame vu Leffe, 1152 gebaut.
  • D'Collégiale Notre-Dame (13. - 14. Joerhonnert).
  • D'Zitadell (1818-1821), 100 Meter iwwert der Meuse.
  • De Rocher Bayard, eng spatz Fielswand, déi fräi steet.

Bekannt Leit[änneren]

Jumelagen[änneren]

Bibliographie[änneren]

  • GERARD (E.), Histoire de la ville de Dinant, rééd., Dinant, 1988.

Kuckt och[änneren]

Um Spaweck[änneren]

De Rocher Bayard vun Anseremme aus gekuckt.
Commons: Dinant – Biller, Videoen oder Audiodateien