Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen
D'Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen, och bekannt als Vereenegt Nidderlanden (nl.: Republiek der Zeven Verenigde Provinciën oder Verenigde Nederlanden), huet tëscht 1581 a 1795 bestanen. Si war zesummegesat aus de Provënzen Holland, Zeeland, Groningen, Utrecht, Friesland, Gelderland an Overijssel. Dës existéieren haut nach a bal där selwechter Form als Deel vun Kinnekräich vun den Nidderlanden ("Holland"). Donieft war och d'Provënz Drenthe, en Deel vun där Unioun, hat awer kee Stëmmrecht.
De Staat ass den 23. Januar 1579 aus der Utrechter Unioun eraus entstanen, wéi déi nërdlech Provënze vun de Spueneschen Nidderlanden sech vum spuenesche Kinnek Philippe II. formell lassgesot hunn, fir eng eege Regierung ënnert der Leedung vun de Generalstaaten zu bilden. Et koum doropshin zum Achtzegjärege Krich géint d'spuenesch Habsburger, sou datt déi formell Onofhängegkeet vu Spuenien eréischt am Fridde vu Münster de 15. Mee 1648 bekräftegt konnt ginn.
D'Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen, eng Federal Republik, bestoung, bis d'Truppe vun der Franséischer Revolutioun 1795 amarschéiert sinn an d'Batavesch Republik ausgeruff hunn, déi spéider, ënnert dem Napoleon, a "Kinnekräich Holland" ëmgenannt gouf.
Si war am 17. Joerhonnert eng vun de wichtegste Séi- an Handelsnatiounen op der Welt.
| Commons: Republic of the Seven United Netherlands – Biller, Videoen oder Audiodateien |