A4 (Rakéit)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
V2-Nobau am Historesch-techneschen Informatiounszentrum zu Peenemünde
D'Aggregat 4 (A4) war di éischt voll funktiounsfäheg Groussrakéit.
Si ass bekannt ginn ënner dem Numm deen de Joseph Goebbels hir am Oktober 1944 ginn hat mat dem Propagandanumm Vergeltungswaffe 2. Et war eng sougenannte ballistesch Artillerie-Rakéit, haut géif ee soen eng Buedem-Buedem Rakéit, a si war fir déi Zäit eng Rakéit, déi ganz wäit konnt fléien a gouf um Enn vum Zweete Weltkrich a grousser Zuel agesat.
Si gëllt als deen éischte vu Mënsche gebaute Fluchkierper, deen d'Grenz vum Weltraum erreecht huet.