Habay-la-Vieille

Vu Wikipedia
Habay-la-Vieille
lb: Al-Habich
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Virton
Gemeng Habay
Koordinaten 49° 43’ 22’’ N
      05° 37’ 11’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6723

Habay-la-Vieille, ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Habay, an der Provënz Lëtzebuerg. Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Habay-la-Vieille eng eegestänneg Gemeng.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Spuere vu Mënsche goufen 1876 um Lieu-dit Trou du sable fonnt. Et ware Reschter vun äerde Kréi, Mënzen a Fibelen aus dem 1. Joerhonnert. Op de Plaze Mormont an Haut des Fratênes goufe Schankereschter fonnt.

Ëm déi selwecht Zäit goufe Waffen a Schankereschter an der Géigend vun der Bréck iwwer d'Rulles fonnt.

Eng drëtt archeologesch Plaz ass tëscht Nantimont an Habay-la-Vielle um Plateau Magerois. Et ass d'Villa romaine de Mageroy.

Tëscht 940 an 1364 huet d'Duerf zu der Grofschaft Chiny gehéiert. Duerno koum et bei den Herzogtum Lëtzebuerg.

Am Drëssegjärege Krich a bei der Pescht vu 1636 hat d'Uertschaft 2/3 vu sengen Awunner verluer.

Am 17. Joerhonnert huet Habay-la-Vieille sech vergréissert. Dat koum duerch d'Schmëtten déi sech am Dall vun der Rulles breet gemaach hunn. 1613 huet de Lécker Herman de Tappe d'Forges de la Trapperie opgeriicht, an hien huet d'Famillen Grevisse, Gilson, a Quoirin matbruecht déi Spezialisten an der Veraarbechtung vum Eise waren.

Am Joer 1804 gouf Habay eng eegestänneg Par. Am 19. Joerhonnert goufen d'Forges de la Trapperie zougemaach, de Kierfecht gouf verluecht, an eng stenge Bréck iwwer d'Rulles gebaut. 1859 gouf d'Gare opgeriicht.

Habay-la-Vieille, dat haaptsächlech vu Bauere bewunnt war, huet vun 1950 vill där Betriber verluer, besonnesch, well vill Nokommen op d'Schmelzen am Minnetsbaséng schaffe goungen.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Habay-la-Vieille läit am Dall vun der Rulles, op enger Héicht vun 360 Meter um Südleche Bord vum Habichter Wald.

Et ass un de Verkéier ugeschloss iwwer d'N897 um hallwe Wee tëscht Houdemont an Habay-la-Neuve. D'N87, déi iwwer d'Rue de la Hourdelle an d'Rue du Vivier z'erreechen ass, huet en Uschloss un d'Bréisseler Autobunn.

An d'Gare vun Habay kommen d'Zich vun der Streck Namur-Sterpenich-Lëtzebuerg.