Autelbas
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Communautéit | Franséisch Communautéit | ||||
| Provënz | |||||
| Arrondissement | Arel | ||||
| Gemeng | |||||
| Telefonszon | 063 | ||||
| Postcode | 6706 | ||||
| Koordinaten | 49° 38' 54" N 05° 52' 06" O |
||||
Autelbas, op Lëtzebuergesch Nidderälter, ass eng belsch Uertschaft a Sektioun an der Gemeng Arel, an der Provënz Lëtzebuerg.
Bis zur belscher Gemengereform vun 1977, war Autelbas eng eegestänneg Gemeng.
Autelbas läit op enger Héicht vun 330 Meter, am Dall vum Ruisseau d'Autelbas, engem Niewefloss vun der Äisch, deen op Lëtzebuergesch Kolerbaach heescht.
Zu Autelbas gëtt et e Schlass aus dem 15. Joerhonnert, dat 1983 duerch e Feier zum groussen Deel zerstéiert gouf. Zënterhier gëtt dat Schlass méi oder wéinger rafistolléiert.
Uertschaften an der fréierer Gemeng sinn: Autelbas, Autelhaut, Barnich, Clairefontaine, Stehnen, Sterpenich a Weyler.
Zënter der Gemengereform gëtt d'Uertschaft administrativ zesumme mam Nopeschduerf Barnich als Duebeluertschaft Autelbas-Barnich gefouert.
[änneren] Um Spaweck
|
|||
|
Sectiounen: Arel • Nidderälter • Bunnert • Giisch • Häischel • Ternech |
| Commons: Autelbas – Biller, Videoen oder Audiodateien |