Hippodrom

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Qsicon Ueberarbeiten.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Hippodrom vun Aix-les-Bains a Frankräich (Loftbild)

En Hippodrom ass eng Installatioun mat enger ronner oder ovaler Pist, wou Päerdscourssen ausgedroe ginn.. Eng Tribün mat Gradinen ass um Rand vun der Rennbunn fir d'Spectateuren reservéiert.

Déi éischt Hippodrome ginn op d'Antike zréck a ware fir Päerdscourssen virgesinn, fir Päerd déi geridde goufen oder eng Aart Weenchen mam Reider nogegezunn hunn. Déi réimesch Zirkussen hunn deemols d'Roll vun engem Hippodrom gespillt. De bekannteste war den Circus Maximus, zu Roum. De leschte war dee vu Konstantinopel, dee bis 1204 benotzt gouf.

Päerdscourssen sinn et am Mëttelalter a bis zur Neizäit besonnesch a Frankräich, Italien an England ginn. Mee déi éischt modern Courssen mat Päerd goufen de 15. Mee 1651 zu Paräis a Presenz vum Louis XIV an dem zukünftegen Charles II vun England ausgedro. Am 19. Joerhonnert huet d'Zuel vun den Hippodromen staark zougeholl, fir unzefänken a Frankräich, Italien an England.

Frankräich ass dat Land, dat de Rekord vun der Zuel vun Hippodromen hält. Méi wéi 250 Hippodrome sinn do erfaasst. Dat ass d'Halschent vun den Hippodromen a ganz Europa.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Déi bekanntest Hippodromen an der Welt

[änneren] Belsch

[änneren] Däitschland

[änneren] Frankräich

[änneren] England

[änneren] Südafrika

[änneren] USA

[änneren] Lëtzebuerg

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools