Päerdscourse

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Soccer stub.svg Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Päerdscourse an de Stroosse vun Dikrech 1948/1949
Päerdscourse zu Arlington Park, 2007

Eng Päerdscourse ass eng Vitesse-Kompetitiuoun tëscht Päerd mam Jockey am Suedel oder an engem Weenchen dee vum Päerd gezu gëtt. D'Päerdscoursse gi meeschtens op engem Hippodrom ausgedroen, seelen och an de Stroosse vun enger Uertschaft.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Kategorië vu Päerdscourssen

[änneren] Grouss bekannt Päerdscourssen an der Welt

[änneren] Päerdscourssen zu Lëtzebuerg

Zu Dikrech, dat säin eegenen Hippodrom hat, sinn an der Zäit Päerdscourssen organiséiert ginn. Dat Dikrecher Päerdsrennen, wéi et genannt gouf, war iwwert d'Land eraus bekannt an huet vill Spectateuren ugezunn. Dat éischt Päerdsrennen zu Dikrech gouf 1895 organiséiert an huet mat Ënnerbreechungen bis zum Zweete Weltkrich do stattfond, organiséiert vum Cercle hippique. Deemols louch den Hippodrom nach a Richtung Gilsdref un der Sauer, wat den Nodeel hat, datt den Hippodrom net virun Iwwerschwemmunge sécher war.

No 1945 ass d'Stad Dikrech, well et u Privatinitiative gefeelt huet, op eege Fauscht virgang an huet 1948 an 1949 Trabcoursen mat Gespan an de Stroosse vun Dikrech ofgehal. 1950 ass dunn den neien Hippodrom, op der Miedernacher Strooss opgaangen, do wou haut d'Schwämm ass, an d'Päerdsrenne konnten dunn do ofgehal ginn. Well beim lëtzebuergesche Publikum d'Päerdscourssë lues a lues un Interesse verluer hunn, gouf drop verzicht, der no 1956 virun zu Dikrech z'organiséiren.
Zu Huldang goufen och Ufanks de Fofzegerjoren Päerdsrennen organiséiert.

Den Hippiques-Bal, deen all Joer an der Fuesent ofgehale gëtt, ass haut nach déi eenzeg Manifestatioun, déi un d'Dikrecher Päerdsrenne vu fréier erënnert.

[änneren] Literatur

  • Klensch, Jules: Zum Pferderennen in Diekirch am 29.Juli 1928, Luxemburger Illustrierte, Nr. 14/1928, S. 208
  • Herr, Jos: Diekirch, 1985, S. 325

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Päerdscourssen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen