Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat europäesche Wirtschafts-a Sozialcomité. Fir dee lëtzebuergeschen, kuckt w.e.g. Conseil économique et social (Lëtzebuerg). |
Den Europäesche Wirtschafts- und Sozialcomité (EWSC; EWSA op däitsch; CESE op franséisch) huet eng berodend Fonctioun an der Europäescher Unioun. E gouf 1957 duerch d'Traitéë vu Roum geschaf. An him si Patronat, Gewerkschaften, Baueren, Konsumenten, an aner Interessegruppe vertrueden, déi zesummen déi "organiséiert Biergerschaft" forméieren.
Déi genee Zesummesetzung, d'Organisatioun an d'Aufgabe vum EWSC sinn an den Artikelen 257 bis 262 vum Traité iwwert d'Europäesch Communautéit geregelt.
Inhaltsverzeechnes |
Memberen [änneren]
Den EWSC huet 317 Memberen, déi sech, jee no hirer Gréisst, op d'Memberstaate vun der EU verdeelen.
| Zuel vun de Memberen | Staaten |
|---|---|
| 24 | Däitschland, Frankräich, Italien, Groussbritannien |
| 21 | Polen, Spuenien |
| 12 | Belsch, Griicheland, Holland, Éisträich, Portugal, Schweden, Tschechesch Republik, Ungarn |
| 9 | Dänemark, Finnland, Irland, Litauen, Slowakei |
| 7 | Estland, Lettland, Slowenien |
| 6 | Lëtzebuerg, Zypern |
| 5 | Malta |
D'Membere ginn zwar vun de Regierungen vun de Memberslänner proposéiert, mee sinn an hirer Aarbecht komplett onofhängeg. Si ginn op véier Joer ernannt, a kënnen eng zweete Kéier erëmernannt ginn.
Déi 6 lëtzebuerger Membere sinn (Stand: Januar 2009): Raymond Hencks, Paul Reckinger, Jean-Claude Reding, Robert Schadeck, Patrick Seyler a Josiane Wilmes.
Aufgaben [änneren]
Den EWSC huet just eng Beroder-Funktioun, kann also keng Decisiounen huelen, déi definitiv wieren. Hie muss awer consultéiert ginn, wann et ëm Gesetzesprojete geet, déi d'Wirtschafts- oder Sozialpolitik vun der EU uginn. Zënter dem Traité vu Maastricht sinn d'Gebidder ausgespreet ginn op Ëmwelt, Erzéiung, Konsumenteschutz, Gesondheet, indirekt Besteierung, transeuropäesch Réseauën a Strukturfongen. Sou gëtt hien Avisen of bei Propositiounen, déi d'Europäesch Kommissioun dem Europäesche Parlament an dem Conseil vun der Europäescher Unioun mécht. A politesche Gespréicher mat der Kommissioun, dem Parlament oder dem Rot vertrëtt den EWSC d'Interessen an d'Positioune vu senge Memberen.
De Comité kënnt zesummen an enger Vollversammlung. D'Avisën, déi do ugeholl ginn, ginn a 6 Ënner-Comitéën (oder "Fachgruppen") virbereet, déi thematesch organiséiert sinn. All 2 Joer gëtt aus senger Mëtt e President an 2 Vizepresidente gewielt. Aktuelle President ass den Thomas Wieser.
Den EWSC huet säi Sëtz zu Bréissel.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- Offizielle Site vum EWSC (en./fr.)
| Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun. |