Aloyse Meyer
Den Aloyse Meyer gebuer den 31. Oktober 1883 zu Klierf, a gestuerwen den 3. Mee 1952) war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Manager an der Siderurgie.
Hien huet op der Technescher Héichschoul zu Oochen en Diplom fir Ingenieur gemaach a gouf 1903 am Diddelenger Konstruktiounsbureau agestallt. E puer Méint drop war en do Ingénieur-adjoint op der Diddelenger Schmelz, 1906 Chef de service an 1912 Direkter. 1918 koum en als techneschen Direkter an d'Zentraladministratioun vun der Arbed, wou en 1920 Generaldirekter gouf.
1925 gouf den Aloyse Meyer och Direkter vun der Chambre de Commerce, a gouf 1928 nom Émile Mayrisch sengem Doud, President vun der europäescher Stolunioun. An der Zäit vun der däitscher Okkupatioun am Zweete Weltkrich gouf en als Arbeds-Direkter ofgesat, an e gouf just virun der Befreiung, 1944 verhaft an an Däitschland bruecht, esou datt en eréischt am Abrëll 1945 fräikoum. Spéider gouf bekannt, datt en der belscher Resistenz héich Geldzommen zoukomme gelooss hat.
Hien huet d'Arbed nees an d'Hänn geholl an nei opgebaut, vum Abrëll 1947 un als President vum Verwaltungsrot.
Den Aloyse Meyer war mat der Eugénie Heintz bestuet, dem Urkandskand vum Grënner vun der Zigarettefabrick Heintz Van Landewyck. Nom Doud vu sengem Schwéierpapp Victor Heintz gouf den Aloyse Meyer 1931 President vum Verwaltungsrot vun Heintz Van Landewyck, wat hie bis zu sengem Doud bliwwen ass. Säi Fils, de Robert Meyer huet 1934 als jonken Ingénieur bei Heintz Van Landewyck ugefaangen.