Ordre de la couronne de chêne
Den Ordre de la couronne de chêne ass e lëtzebuergesche Verdéngschtuerden.
En ass agefouert gi vum Groussherzog Wëllem II. deen och Kinnek Wëllem II. vun Holland war, am Joer 1841, zu der Zäit wou Lëtzebuerg zwar een eegestännesche Staat war, awer a Personalunioun mat Holland deeselwechte Monarch hat. Obschonn den Uerden ee reng lëtzebuergesche war, huet de Wëllem II. en dacks gebraucht fir Hollänner ze dekoréieren. Domat konnt en d’Kontroll vun der hollännescher Regierung beim Ausdeelen vun Gielercher iwwergoen. En huet der awer net méi wéi drësseg ausgedeelt. Säi Nofolger de Wëllem III. hat do méi eng large Vu. Hien hat der eleng um Dag vu senger Kréinung 300 ausgedeelt, an nach honnerten an de Joren duerno. Et waren der souvill datt souguer d'Hollänner gemengt hunn et wier een hollänneschen Uerden.
Wéi d'Kinnigin Wilhelmina op den Troun koum war et domat eriwwer, wëll an deem Ament d'hollännesch Kinniken net méi Monarche vu Lëtzebuerg waren. D’Hollänner hunn dunn zwéin nei Uerden agefouert: den Uerde vum Haus Oranien-Nassau an den Hausuerde vun Oranien.
Zanter dem Groussherzog Adolphe war den Uerden nëmmen nach just fir Lëtzebuerger Bierger do, heiandsdo hunn awer och Auslänner den Uerde kritt, haaptsächlech Membere vu kinnekleche Familljen.
De Groussherzog vu Lëtzebuerg ass Grand-Maître de l’Ordre.
Den Ordre de la couronne de chêne ass an 8 Graden opgedeelt:
Grand-Croix
Grand-Officier
Commandeur
Officier
Chevalier
Médaille en vermeil
Médaille en argent
Médaille en bronze
Kuckt och [änneren]
Lëtzebuergesch Auszeechnungen an Éierenzeechen
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Ordre de la couronne de chêne – Biller, Videoen oder Audiodateien |