Jules Hoffmann (Biolog)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat Biolog Jules Hoffmann. Fir aner Leit mat deemselwechten Numm, kuckt w.e.g. Jules Hoffmann.
De Jules Hoffmann, Dezember 2011

De Jules Alphonse Hoffmann, gebuer den 2. August 1941 zu Iechternach, ass ee franséische Biolog mat lëtzebuergeschen Originnen, deem säi Spezialgebitt d'Immunsystem bei den Insekten ass.

2011 gouf hie mam Bruce Beutler a (posthum) dem Ralph Steinman mam Nobelpräis fir Medezin ausgezeechent. Zanter 2012 ass hie Member vun der Académie française.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Jules Hoffmann ass gebiertege Lëtzebuerger. Hien huet zu Lëtzebuerg seng Primärschoul an de Lycée (LGL)gemaach, an duerno um Cours supérieur (Lëtzebuerg) an zu Stroossbuerg Zoologie, allgemeng Biologie a Chimie studéiert. Seng Dokterthes huet en iwwer d'Urspréng an d'Roll vun de Bluttzelle beim Wanderheesprénger Locusta migratoria geschriwwen.

No engem Joer op der Universitéit zu Marburg goung hien 1978 op Stroossbuerg hannescht, wou hien am Institut de biologie moléculaire et cellulaire vum CNRS biochemesch Recherchen iwwer Hormone bei den Insekte gemaach huet. Vun 1993 bis 2005 war hien Direkter vum selwechten Institut, dee sech no an no op d'Immunitéit bei den Insekte spezialiséiert huet.[1]

D'Haaptfuerschungsaarbechte vum Hoffmann a senger Equipe louche bei den zellulären a molekulären Aspekter vum Immunsystem vun der Fruuchtméck (Drosophila melanogaster) an och der Anopheles-Moustique, déi d'Malaria iwwerdréit.

1998 huet hien d'Sociétéit EntoMed gegrënnt fir nei Medikamenter z'entwéckelen, déi vu Molekülle vun Insekten dérivéiert sinn. Dës Start-up huet bis 2005 bestanen.[2]

De Jules Hoffmann ass an enger ganzer Rëtsch vu franséischen an internationale Comitéen a Member vu verschiddenen Akademien, dorënner och d'Deutsche Akademie der Wissenschaften an den Institut grand-ducal. Hie gouf 1992 an déi franséisch Académie des sciences gewielt, war 2005/2006 do Vizepresident a President 2007/2008.

2009 ass hien a Pensioun gaangen.

Zesumme mam Bruce Beutler (USA) an dem Ralph Steinman (Canada) huet de Jules Hoffmann 2011 den Nobelpräis fir Medezin kritt.[3][4] Den 1. Mäerz 2012 ass hien an d'Académie française opgeholl ginn.[5]

De Jules Hoffmann ass bestuet a Papp vun zwéi Kanner. Hien ass de Fils vum Biolog Jos Hoffmann.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Member vun der Académie française, 2012.[6]
  • Nobelpräis fir Medezin 2011, zesumme mam Bruce Beutler (USA) an dem Ralph Steinman (Canada).[3][4]
  • Médaille d'or 2011 du CNRS[7] fir seng Aarbechten iwwer d'Immunitéit bei den Insekten.[8]
  • Canada Gairdner Award 2011[9][10] zesumme mam Shizuo Akira (Osaka, Japan).[10][11]
  • Prix Keio 2010, Japan, fir medezinesch Wëssenschaften: fir d'Entdeckung vun den Toll-Rezeptere bei den Insekten, wou s'eng wichteg Roll an der Ofwier vu Pilzinfektioune spillen.[1]
  • Balzan-Präis 2007, zesumme mam Bruce Beutler, fir hir Recherchen iwwer ugebueren Immunitéit.
  • Dr honoris causa med., München, 2006
  • Prix d'Immunologie Robert Koch, Berlin, 2004.
  • Grand Prix de la Fondation pour la Recherche Médicale, 2004.
  • Prix William B. Coley, Cancer Research Institute, USA, 2003.
  • Chevalier de la Légion d'honneur, 2002.[12]
  • Prix Antoine Lacassagne du Collège de France, 2000.
  • Grand Prix Joannidès, Académie des Sciences, Paris, 1991.
  • Prix Scientifique franco-allemand Alexander von Humboldt, 1984.
  • Prix Pergamon, 1980.
  • Prix Sandoz-Wander, 1978.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Immunologie[änneren | Quelltext änneren]

  • Editeur vum Band 198 vun den Immunological Reviews, "Primitive Immune Systems", 2004.
  • Coediteur mam B. Beutler : Current Opinion in Immunology, 2003.
  • Innate Immunity (eds J.Hoffmann, A. Ezekowitz), Humana Press, 2002.
  • (mam A. Ezekowitz): Current Opinion in Immunology, Volumes 1995, 1996, 1998.
  • Phylogenetic Perspectives in Immunity: The Insect Host Defense, in Molecular Intelligence Unit, R.G. Landes, 1994.
  • Cellular and Molecular Aspects of Insect Immunity, 34th Forum in Immunology, Research in Immunology 141, 895-960, Elsevier, Institut Pasteur, Paris, 1990.
  • Biosynthesis, Metabolism and Mode of Action of Invertebrate Hormones, Springer, 1985.
  • Progress in Ecdysone Research, Elsevier North Holland, 1980.
an eng weider 250 Publikatiounen.

Zoologie[änneren | Quelltext änneren]

  • Hoffmann, J., 1964. Présentation d'une nouvelle Dendrocélidée (Turbellariés Triclades): Dendrocoelum Warnimonti, nov. sp. Archvs Inst. gr.-d., sect. sc. nat. phys. et math. 30 (1963): 121-138. [Déi nei Aart ass nom Jean Warnimont benannt].
  • Hoffmann, J. Les Orthoptères du Luxembourg. Archvs Inst. gr.-d. Luxembourg, sect. sc. nat., phys. et math.. 1960-1962.
1960 vol. 26 (1960): 239-284.
1962 vol. 28 (1962): 184-231 (2e fascicule: Les Caelifères).
  • Hoffmann, J., 1959. Les Hétéroptères aquatiques du Grand-Duché de Luxembourg. Archvs Inst. gr.-d. Luxembourg, sect. sc. nat., phys. et math. 26: 125-186.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wenandy, Tom, 2001. Der aus Echternach stammende Nobelpreisträger Jules Hoffmann im Tageblatt-Interview: “Es ist nichts mehr, wie es war”. Tageblatt 2011, Nr. 280 (1. Dezember), S. 1, 11, 14-15.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jules Hoffmann (Biolog) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Marine Benoiste, 2010. Prix Keio pour les sciences médicales 2010. Jules A. Hoffmann. La Recherche 448, Januar 2011, S. 36.
  2. Le Monde, 5 Mäerz 2011. Paul Benkimoun: Les arthropodes, source confidentielle de médicaments.
  3. 3,0 3,1 Cf. www.nobelprize.org
  4. 4,0 4,1 Cf. Immune pioneers share Nobel prize for medicine on BBC news health online.
  5. Tageblatt.lu. Wort.lu
  6. "De Jules Hoffmann gouf an d'Académie française opgeholl." RTL.lu - 01.03.2012, 16:15 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.03.2012, 17:01.
  7. Et ass déi héchst wëssenschaftlech Auszeechnung a Frankräich, cf. den Artikel op der franséischsproocheger Wikipedia
  8. Cf. Jules Hoffmann: des recherches sur l'immunité qui ont fait mouche. Le nouvel observateur, édition en ligne du 23-09-2011
  9. Canada Gairdner Award: Le chercheur Jules A. Hoffmann récompensé. Lëtzebuerger Journal 2011, Nr. 69 (8. Abrëll), S. 4. —Canada Gairdner Award: Jules Hoffmann ausgezeichnet. Tageblatt 2011, Nr. 88 (14. April), S. 13.
  10. 10,0 10,1 2011 Canada Gairdner Award Recipients
  11. Shizuo Akira M.D., Ph.D
  12. Cf. Décret du 14 novembre 2002 portant promotion et nomination. J.O. 266 du 15 novembre 2002.