La Recherche

Vu Wikipedia

La Recherche, mam Ënnertitel L'actualité des sciences, ass eng franséisch Zäitschrëft déi iwwer d'Aktualitéit vun de Wëssenschaften informéiert. Si kënnt eemol am Mount eraus.

La Recherche ass nieft der Zäitschrëft Pour la Science d'Referenz fir d'wëssenschaftlech Informatioun a franséischer Sprooch. Hir Oplo läit bei 65.000 Exemplaren.

La Recherche gëtt erausgi vun der Sociétéit Sophia Publications, eng Filial vun der Financière Tallandier, déi selwer eng Filial vun der Gesellschaft Artémis ass, eng Holding vun der Famill Pinault.

La Recherche publizéiert och zanter 2004 Les Dossiers de La Recherche, eng Zäitschrëft déi all dräi Méint erauskënnt.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Franséisch Wikipedia (Januar 2011).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]