Heesprénger
Heesprénger, am breede Sënn vum Wuert, sinn eng Uerdnung (Orthoptera) an der Klass vun den Insekten (Insecta).
Bekannte Vertrieder vun den Orthopteren sinn déi eigentlech Heesprénger, wéi z. B. dat Gréngt Heepäerdchen, an d'Grillen (dorënner d'Heemelmaus).
Wëssenschatlech ginn d'Orthopteren an zwee Gruppen (Ënneruerdnungen) agedeelt: d'Ensifera an d'Caelifera.
D'Wuert Heesprénger ass ofgeleet vun deenen Aarten déi een an de Summerméint am héije Gras, also zu där Zäit wou fréier Hee gemaach gouf, sprange gesäit. Dës Aarte falen duerch hire laanggestreckte Kierper an dat heefegt Sprangen op.
Aner Vertreider vun den Orthoptera, wéi z. B. d'Grillen, hunn e gedrängte Kierper an eng verstoppte Liewensweis.
Inhaltsverzeechnes |
Merkmaler vun den Heesprénger (Orthoptera) [änneren]
- Insekte mat 2 Puer Flilleken, déi am Rouzoustand längs iwwer dem Abdomen leien
- Déi zwéi viischt Flilleke si méi schmuel wéi déi hënnescht; si sinn un der Basis verhäert a bedecken déi hënnëscht Flilleken am Rouzoustand.
- Déi zwéin hënnescht Flilleke si membranéis, am Rouzoustand si se gefaalt a gi vun de viischte Flilleke bedeckt
- Déi zwee hënnescht Been sinn zu staarke Sprangbeen emgeännert
- Antennen opfaalend laang (Ensifera) oder einfach laang (Caelifera)
- Grouss zesummegesaten Aen (Facettenaen)
- Onkomplett Metamorphos: d'Larven ënnerscheede sech kaum am Kierperbau vun den Adulten (Imagines)
Heesprénger zu Lëtzebuerg [änneren]
Enger rezenter Studie no konnte bis haut 49 Heespréngeraarten zu Lëtzebuerg nogewise ginn, wouvunner awer 3 Aarten als ausgestuerwe gëllen (Proess 2004).
Literatur [änneren]
- Proess, R., 2004. Verbreitungsatlas der Heuschrecken des Großherzogtums Luxemburg. Ferrantia. Trav. sc. Musée nat. hist. nat. Luxembourg 39, 178 S. Dës Aarbecht als PDF-Datei eroflueden
- Hoffmann, J., 1960. Les Orthoptères du Luxembourg. Archvs Inst. gr.-d. Luxemb. sect. sc. nat. phys. math. 26 (1960): 239-284.
- Hoffmann, J., 1962. Les Orthoptères du Luxembourg. 2e fasc.: les Caelifères. Archvs Inst. gr.-d. Luxemb. sect. sc. nat., phys. math. 28 (1962): 184-231.
- Kinn, J. & M. Meyer, 1988. Beitrag zur Kenntnis der Saltatoria Luxemburgs. Ergebnisse einer zweijährigen Untersuchung. Paiperlék, Jahrg. 10, Nr. 2: 31-73.
- Reichling, L. & J. Hoffmann, 1963. Supplément à la faune des Orthoptères du Grand-Duché de Luxembourg. Archvs Inst. gr.-d. Luxemb. sect. sc. nat. phys. math. 29 (1963): 129-157.
Kuckt och [änneren]
| Commons: Ensifera – Biller, Videoen oder Audiodateien |