Saint-Malo

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
GeoFR.png Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Saint-Malo
Blason ville fr Saint-Malo.svg
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Fändel Bretagne.svg Bretagne
Departement Logo 35 ille et vilaine.png Ille-et-Vilaine
Arrondissement Saint-Malo
Kanton Nord & Sud
Code Insee 35288
Postcode 35400
Interkommunalitéit  Communauté d'agglomération
du Pays de Saint-Malo
Koordinaten 48° 38’ 53’’ N
02° 00’ 27’’ W
Fläch 36,58 ha
Bevëlkerung 50 675 Aw.  (1999)
D'Stadmauere vu Saint-Malo

Saint-Malo ass eng Stad vun 50.675 Awunner (1999) an der Bretagne, am Nordweste vu Frankräich. Si gehéiert zum Departement Ille-et-Vilaine an zur Regioun vun der Bretagne. Et ass eng Stad mat engem historesche Kär, deen nach ganz bannent den ale Festungsmauere läit.

Fir an déi al Stad ze komme brauch en nëmmen de Schëlter mat der Opzeechnung Intra Mures nozefueren.

Dat ass e vun e puer Grënn, firwat Saint-Malo zu enger vun de meeschtbesichten Touristestied a Frankräich gezielt gëtt. Saint-Malo läit un der Smaragdküst (Côte d'Émeraude) am Norde vun der Bretagne um rietsen Uwänner vun der Mëndung vun der Rance, géigeniwwer der Stiedchen Dinard.

Saint-Malo gëtt op dräi Säite vum Mier ëmspullt. Et ass d'Haapstad vum Arrondissement Saint-Malo.

Bei Saint-Malo läit um Laf vun der Rance de Barrage de la Rance, e bekannt Waasserkraaftwierk dat duerch de Wasserhéichtenënnerscheed tëscht Ebbe a Flut Stroum produzéiert. Et ass dat gréisst vun deeër Zort op der Welt.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools