Amiens
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Amiens | ||||
| Kanton | Haaptuert vun de Kantonen | ||||
| Code Insee | 80021 | ||||
| Postcode | 80000 | ||||
| Koordinaten | 49° 53' 38.10" N 02° 17' 39.25" O |
||||
| Fläch Uertschaft | 4.946 ha | ||||
| Bevëlkerung Uertschaft | 134.737 (2006) | ||||
D'Stad Amiens (Postcode 80000) ass d'Prefecture vum franséischen Departement Somme an der Regioun Picardie. Se huet eng Fläch vu knapps 50 km² an eng 135.000 Awunner.
Amiens ass Bëschofsëtz an Universitéitsstad.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
D'Géigend, wou haut Amiens ass, war schonns an der Alsteenzäit bewunnt. Virun de Réimer hunn do Kelte gewunnt, déi hir Siddlung Ambiani genannt hunn (wouraus den haitegen Numm sech entwéckelt huet). D'Réimer goufen hir den Numm Samarobriva (lat.: Bréck iwwert d'Somme) an hu se zu enger vun de wichtegste Stied an der Provënz Belgica ausgebaut. Den Amphitheater hat Plaz fir 15.000 Leit. Am 5. Joerhonnert gouf Amines zu enger Festung ausgebaut, där gréisster nërdlech vun den Alpen.
Vum 18. Joerhonnert u war Amiens e wichtegen Industriesite, besonnesch vun der Duchindustrie. Am Éischten, mä virun allem am Zweete Weltkrich, goufen Deeler vun Amiens zerstéiert.
Kuckeswäertes [änneren]
- D'gotesch Kathedral Notre-Dame vun Amiens, déi wéinst hirer Schéinheet op der Unesco-Lëscht vun der Weltkulturierfschaft steet;
- de Beffroi;
- den Tour Perret, en 100 m héije Wollekekrazert, bis 1962 deen héchste vu Westeuropa.
- d'Hortillonnages, eng fréier Supp bei der Stad vun 300 ha, déi vu Kanäl duerchzu gëtt, an op där kleng Gäert a Parken ugeluecht sinn;
Bekannte Leit [änneren]
- Den Astronom Jean Baptiste Joseph Delambre ass do gebuer.
- De Jules Verne huet eng Zäit laang do gelieft, ass do gestuerwen a läit och do begruewen.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Amiens – Biller, Videoen oder Audiodateien |