Kathedral Notre-Dame vun Amiens

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
d'Kathedral
Grondrëss vun der Kathedral

D'Kathedral Notre-Dame vun Amiens ass déi vum Volume hir gréisste gotesch Kathedral vu Frankräich.

Si ass duebel sou grouss wéi d'Notre-Dame vu Paräis: Se ass 145 m laang an 112 m héich; hiert Mëttelschëff huet eng Héicht vun 43 m (et ass dat zweethéchst a Frankräich: just d'Kathedral vu Beauvais, déi awer ni fäerdeg gebaut gouf, ass méi héich). Si gouf an nëmmen 49 Joer (tëscht 1220 an 1269), no Pläng vum Robert de Luzarches, gebaut. D'Architekte vum Kölner Doum, mä och vun der St. Patricks Cathedral vun New York, hu sech dës Kathedral zum Virbild geholl.

Baussen[änneren | Quelltext änneren]

Den Haapttympan mam Jéngste Geriicht

Am Géigesaz zu deene meeschte franséische Kathedralen goufen zu Amiens d'Statuen an der Franséischer Revolutioun net zerstéiert. Bei Restauratounsaarbechte goufen d'Originalfaarwen ënner enger Couche Schmorri erëmfond. Et gouf decidéiert, d'Statuen net nees ze bemolen, mä dofir ginn am Summer owes Diae baussen op d'Statue projezéiert, déi d'Statue faarweg ausgesi loossen. Den Haapttympan baussen op der Westsäit weist dat Jéngst Geriicht. Op der Südsäit ass d'Kréinung vun der Maria ofgebilt.

Bannenan[änneren | Quelltext änneren]

Bannena sinn ë. a. e Labberänt, dat am Original erhale blouf, vun 234 m Längt um Buedem a Relieffer iwwer d'Liewe vum hellege Jean a vum hellege Firmin aus dem 15. Joerhonnert ze gesinn. Och d'Ställercher, d. h. d'Sëtzer fir d'Geeschtlech ronderëm den Altor, aus dem 16. Joerhonnert, ganz aus Eechenholz, si mat vill Léift zum Detail mat Zeenen aus der Bibel dekoréiert.

Wéinst hirer Schéinheet steet d'Kathedral vun Amiens op der Unesco-Lëscht vun der Weltkulturierfschaft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cathédrale Notre-Dame d'Amiens – Biller, Videoen oder Audiodateien