Maurice Koechlin

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Maurice Koechlin
Croquis vum Metall-Pylon, 1884

De Maurice Koechlin, gebuer den 8. Mäerz 1856 zu Buhl am Elsass, a gestuerwen de 14. Januar 1946 zu Veytaux an der Schwäiz, war e franséischen Ingenieur, deen d'Struktur vum Eiffeltuerm entworf huet.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Säi Liewen

De Koechlin huet zu Mulhouse säi Lycée gemaach an ass dunn op d'ETH op Zürich gaangen, wou e Schüler vum Karl Culmann war, dem Grënner vun der graphescher Statik.

Hie war dunn Ingénieur bei der Compagnie des chemins de fer de l'Est a gouf 1897 Chef vum Bureau d'Etudes vum Gustave Eiffel senger Entreprise fir metallesch Konstruktiounen an ëffentlech Aarbechten, déi dësen 1868 gegrënnt huet.

Hie war bestuet an hat 6 Kanner.

[änneren] Säi Wierk

  • Hie war bedeelegt um Projet an um Bau vum Viaduc vu Garabit (1880-1884);
  • Hien huet huet d'metalle Struktur vun der Fräiheetsstatu entworf, déi de Frédéric Auguste Bartholdi geschafen huet;
  • Hien huet de metallenen Tuerm entworf, deen zu Paräis fir d'Weltausstellung vun 1889 gebaut sollt ginn, an haut als Eiffeltuerm weltbekannt ass. De Gustave Eiffel hat em säi Brevet ofkaf, an de Koechelin huet d'Aarbechten zu Enn geleet an d'Entreprise Eiffel gefouert, nodeems de Gustave Eiffel an d'Pensioun gaange war.
  • 1889, huet en e Projet fir d'Jungfrau-Eisebunn entworf, deen awer net gebaut sollt ginn.

[änneren] Gielecher

[änneren] Um Spaweck

Der Famill Koechlin hire Stambam.

Commons: Maurice_Koechlin – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen