Joseph Bruyère

Vu Wikipedia
Joseph Bruyère
Gebuer 5. Oktober 1948
Maastricht
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Vëlossportler
Veräin/Ekipp Marc-Carlos-V.R.D.-Woningbouw,
Flandria,
C&A,
Fiat France,
Molteni-Campagnolo,
Faemino-Faema

De Joseph Bruyère gebuer de 5. Oktober 1948 zu Maastricht, ass e fréiere belsche professionelle Vëlossportler.

De Bruyère war Profi vun 1970 bis 1980, a konnt an där Zäit a puer grouss Klassike gewannen, dorënner dräimol Het Volk, zweemol Léck-Baaschtnech-Léck, an am Tour de France 1972 déi 19. Etapp vun Auxerre op Versailles.

Am Tour vun 1978 konnt hie sech am Generalklassement op der véierter Plaz hanner dem Joaquim Agostinho klasséieren.

Hie war am Ganze sechs Tier gefuer an um Tour vun 1974 ass hien dräi Deeg am Maillot jaune gefuer, an 1978 aacht Deeg.

De Joseph Bruyère wunnt zu Saint-Remy an der Gemeng Blegny.

An aacht Saisone war hien de Läitnant vum Eddy Merckx.

Ekippen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1970: Faemino
  • 1971 - 1976: Molteni
  • 1977: Fiat
  • 1978: C&A
  • 1979: Ca Va Seul-Flandria
  • 1980: Marc Carlos

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]