Charles Hamer

Vu Wikipedia
Charles Hamer
Gebuer 30. Januar 1948
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist

De Charles Hamer, gebuer den 30. Januar 1948 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist, Finanzspezialist an Auteur. Säi Papp war de Jurist, héije Fonctionnaire an Auteur Pierre Hamer (1916-2006).

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Charles Hamer huet, no senge Secondairesstudien am Stater Kolléisch (1967; Section latine A), den Institut d'Études politiques (IEP) vu Paräis absolvéiert an ass docteur en droit. Hien huet ee gudden Deel vu senger Carrière bei der Bank Paribas a Frankräich verbruecht ir en Generaldirekter vu Paribas zu Lëtzebuerg gouf. Duerno ass hie bei d'Private Bank vun der Grupp Crédit agricole zu Lëtzebuerg gaangen. 2007 ass hien, deen Administrateur délégué vun der Crédit Agricole Private Bank war, zum President vum Exekutivrot vum neigeschaafte (2007) Private Banking Group, Luxembourg ernannt ginn.

De Charles Hamer ass och als Auteur vun engem Roman à la Conan Doyle bekannt.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Charles Hamer, Sherlock Holmes au Luxembourg ; Lëtzebuerg (Eegeverlag; Drock: St.-Paulus), 1983; 188 Säiten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Charles Hamer ; kuerz biographesch Notiz an der Wochenzeitung Le Jeudi, Ausgab vum 2. August 2007.
  • Edouard M. Kayser, En marge d'un centenaire: Sherlock Holmes au Luxembourg ; in: Reflets du Lycée Hubert-Clément; Esch-Uelzecht, Schouljor 1990/91.
  • Georgette, Actualité du roman: Sherlock Holmes au Luxembourg, par Charles Hamer ; in: Die Warte / Perspectives, kulturell Wochebäilag vum Luxemburger Wort, Ausgab vum 30 Juni 1983.