Donna Summer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Donna Summer (2009)

D'Donna Summer, gebuer den 31. Dezember 1948 zu Boston, Massachusetts a gestuerwen de 17. Mee 2012 a Florida, fir richteg LaDonna Adrian Gaines[1] war eng US-amerikanesch Sängerin a Lidderautuer.

D'Donna Summer ass virun allem bekannt fir hir Disco-Pop-Lidder (Enn 1970er, uganks 1980er Joren). Zesumme mat de Produzenten Giorgio Moroder a Pete Bellotte huet si de sougenannte „Munich-Disco“-Stil entwéckelt. Zu hire bekanntste Succèse gehéieren I'd love to love you baby (1975; méi gekeimt wéi gesongen), Hot stuff, On the radio, She works hard for the money, Bad girls an I feel love (1977, e Virleefer vun der Technomusek). Weltwäit huet si eng geschaten 130 Millioune Schallplacke verkaaft[2].

Am Ufank vun hirer Carrière huet si an Europa gelieft, wuer se hikomm war, fir beim Musical Hair matzemaachen, an huet dunn virun allem an Däitschland gelieft,[3]. Si war och vun 1972-1974 Member vun der Grupp Family Tree, bei där och d'Monique Melsen dobäi war. 1976 ass si hannescht an d'USA geplënnert.

Diskographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1974 Lady of the Night
  • 1975 Love to Love You Baby
  • 1976 A Love Trilogy
  • 1977 Four Seasons of Love
  • 1977 I Remember Yesterday
  • 1977 Once Upon a Time
  • 1978 Live and More
  • 1979 Bad Girls
  • 1980 The Wanderer
  • 1982 Donna Summer
  • 1983 She Works Hard for the Money
  • 1984 Cats without Claws
  • 1987 All Systems Go
  • 1989 Another Place and Time
  • 1991 Mistaken Identity
  • 1984 Christmas Spirit
  • 1996 I’m a Rainbow
  • 1999 VH1 presents Donna Summer: Live & More Encore!
  • 2008 Crayons

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Donna Summer, Marc Eliot: Ordinary Girl – The Journey; New York (U.S.A.): Villard, 2003 (Autobiographie).
  2. Biographie bei William Morris Endeavor Entertainment.
  3. Abendzeitung vom 30. Dezember 2008: Donna Summer: Wilde Jahre an der Isar