Terry Pratchett

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Terence David John Pratchett gebuer den 28. Abrëll 1948 zu Beaconsfield am Buckinghamshire, ass een englesche Fantasy-Schrëftsteller. Seng bekannteste Bicher sinn déi aus der Discworld-Welt.

Inhaltsverzeechnes

Säi Liewen [änneren]

De Pratchett huet säin éischt "Wierk" mat 13 Joer erausbruecht, an der Schoulzeitung. Dës Kuerzgeschicht, The Hades Business, ass duerno an enger Science Fantasy Zäitschrëft ofgedréckt ginn, an huet dem Pratchett 1961 seng éischt £14 erabruecht.

Nodeems hien 1965 mat der Schoul fäerdeg war, ass hie Lokal-Journalist ginn an huet seng éischt Kontakter mat der Buch-Industrie geknäppt. Duerno huet hien als Pressespriecher an engem Atomkraftwierk geschafft, mä just esoulaang bis hie méi Sue mat Schreiwen, wéi mat schaffen verdénge konnt.

Hien huet 1998 den Order of the British Empire fir seng Zervisser un der Literatur kritt ann zielt haut zu den meeschtgeliesene Schrëftsteller an England an doriwwer eraus.

Den Apel fält net wäit vum Stamm: säi Meedchen, d'Rhianna Pratchett, ass och Fantasy-Schrëftstellerin a Journalistin.

Säi Wierk [änneren]

Discworld [änneren]

Terry Pratchett

Mat Going Postal ass Buch Nummer 33 an der Discworld-Serie Enn 2004 op de Maart komm. Dës Rei vu Bicher sinn humoristesch Fantasy-Parodien déi sech op enger Scheiwewelt ofspillen. Dës Welt gëtt vu véier Elefante gedroen, dës Elefanten hirersäits stinn um Réck vun enger enormer Rise-Schildkröt déi duerch de Weltall schwëmmt (wéi gesot, et handelt sech ëm Fantasy, an dach baséiert dës Geschicht op engem reale Mythos vun den Hindus: der Chukwa).

Dem Pratchett seng Parodien ëmfaassen esou Theme wéi Science fiction, Ingmar Bergman-Filmer, Australien, Hollywood, Zeitungen, Rock'n Roll Musek, Relioun, Philosophie, egyptesch Geschicht, Gewerkschaften, Monarchie an esou weider. Eigentlech riichte sech seng Geschichten un dat erwuessent Publikum, mä zum Beispill huet hien 2001 d'Carnegie Medal fir säi Roman The Amazing Maurice and His Educated Rodents als beschte Kanner-Roman gewonnen.

Bicher am Zesummenhang mat Discworld [änneren]

Zesumme mam Ian Stewart an Jack Cohen huet de Pratchett The Science of Discworld (1999) an The Science of Discworld II: The Globe (2002) geschriwwen. Dës Bicher beschreiwen op eng quasi wëssenschaftlech Aart a Weis d'Scheiwewelt. Een drëtt Buch an dëser Serie, The Science of Discworld III: Darwin's Watch, soll am Mee 2005 erauskommen.

Adaptatiounen [änneren]

Bande dessinée [änneren]

  • The Colour of Magic, The Light Fantastic, Mort an Guards! Guards! ginn et als Comic.

Theater [änneren]

E puer vum Pratchett senge Romaner si vum Stephen Briggs zu Theater-Stécker ëmgeschriwwe ginn:

  • Wyrd Sisters: The Play (1996)
  • Mort: The Play (1996)
  • Johnny and the Dead (1996) (non-Discworld)
  • Guards! Guards!: The Play (1997)
  • Men at Arms: The Play (1997)
  • Maskerade (1998)
  • Interesting Times (2002)
  • The Truth (2002)

Zeechentrickfilmer [änneren]

  • Wyrd Sisters a Soul Music si vu Cosgrove Hall Films fir Channel 4 als Zeechentrickfilm-Serie erauskomm.

Radio [änneren]

  • Guards! Guards!, Wyrd Sisters an Mort sinn als Héierspill-Serie um Radio gelaf an The Amazing Maurice and his Educated Rodents ass als 90-Minutte Stéck op BBC Radio 4 gesent ginn.

Éischt Editioune vun den éischten Discworld Bicher ginn deier gehandelt, esou kascht déi englesch Éischteditioun mat haardem Deckele vun The Colour of Magic iwwert £2000 (4,500 Stéck sinn an den USA vun St Martin's Press gedréckt ginn, dovunner sinn der just 506 an England verkaaft ginn, also eng zimlech Raritéit), fir The Light Fantastic muss een ëmmerhin nach £1000-1500 berappen.

Kuriéiserweis kann ee sech selwer an enger Geschicht veréiwegen. Heiansdo nämlech fält et dem Här Pratchett an, op enger Wohltätegkeetsveranstaltung deem, deen am meeschte bitt eng Roll an engem Buch quasi op de Leif ze schreiwen.

Déi aussergewéinlech Buchdeckel-Illustratiounen fir all Discworld Bicher (op mannst emol déi déi an England verkaaft ginn) huet bis 2001 den Josh Kirby gemoolt.

Aner Bicher vum Pratchett [änneren]

Net ze vergiessen eng Rei vu Bicher déi näischt mat der Scheiwewelt ze dinn hunn.

Do sinn zum Beispill déi dräi Bicher iwwert den Johnny Maxwell, Only You can save Mankind, Johnny and the Bomb an Johnny and the Dead, een zwielef Joer jonke Borscht deen nawell eppes erlieft.

Da ginn et nach zwee Romaner déi méi a Richtung Science Fiction tendéieren, natierlech mat enger typescher Portioun Humor. Klengt Beispill : « D'Ausgruewungen hu bewisen datt den Plesiosaurier ee Schëld am Grapp gehal huet, wou drop stoung, Stoppt Atomversich:ELO. Dat war näischt ongewéinleches, mä ... »

Oder d'Nomen-Trilogy (Truckers, Diggers, Wings) iwwert ee Vollek vun Gnomen déi urplëtzlech mussen hir Welt verloossen. Hir Welt ass, wéi sech erausstellt, dem Ënnergank geweit, well hir Welt ass nämlech e Mega-Akafszentrum à la Harrods, dat elo ofgerappt gëtt. An dräi Romaner gëtt den Exodus, den Nei-Ufank an de Grëff no de Stäre beschriwwen. Vill Parallelen zu eisen Zivilisatiounen an eng Portioun sozialer Kritik maachen aus dëse Bicher kleng Bijouen.

Mee den aboluten Hummer ass Carpet People. Wien elo mengt, et géif ëm wierklech mini Männercher goen déi an engem décke Perser-Teppech wunnen, a fir déi de Stëbbssuckler eng Naturkatastroph ass, dee läit richteg. Wann ech schreiwe mini, dann mengen ech och mini. Esou tummele sech do ganz Vëlker an deem Teppech, mat Kricher an Expeditiounen zu wäit entfernten Erzminnen. Gleeft mir, dier kuckt ären Teppech ni méi mat deene selwechten Ae wann der dëst Buch gelies hutt.

Hei eng Lëscht:

  • Strata (et geet zwar och ëm eng Scheiwewelt, mä et ass éischter geduecht als eng Parodie op dem Larry Niven säi Ringworld) (Colin Smythe, 1981)
  • The Dark Side of the Sun (Colin Smythe, 1976)
  • The Carpet People (dem Pratchet säin éischt Buch, substantiell frësch geschriwwen nodeems hie berühmt gi war) (Colin Smythe, 1971)
  • Eng Trilogy (och bekannt als The Bromeliad):
    • Truckers
    • Diggers
    • Wings
  • Good Omens (geschriwwen zesumme mat dem Neil Gaiman)
  • The Unadulterated Cat (mat dem Gray Jolliffe. Een Homage u Kazen)
  • Eng Kannerbicher-Triolgy iwwert den Johnny Maxwell, deen doudeg Leit gesäit, Aliens an nach ee ganze Koup aner komesch Saachen:
    • Only You Can Save Mankind
    • Johnny and the Dead
    • Johnny and the Bomb
  • Once More* *With Footnotes – eng Collectioun vun Artikelen, Virwierder a Kuerzgeschichten, publizéiert vun NESFA.

Bicher wou den Pratchett seng Fanger am Spill hat [änneren]

  • Meditations on Middle-Earth (2002)
  • The Leaky Establishment vum David Langford mat engem Virwuert vum Pratchett

Bicher iwwert den Terry Pratchett [änneren]

Dem Pratchett seng Bicher hunn, fir den Fantasy-Genre, ongewéinlech vill Präisser gewonnen an et ginn och eng Partie Bicher déi sech mat sengem Wierk beschäftegen. Eng Kompilatioun dovunner, Terry Pratchett: Guilty of Literature?, eds. Andrew M. Butler, Edward James an Farah Mendlesohn, publizéiert vun der Science Fiction Foundation am Joer 2000.

Internet [änneren]

De Pratchett war ee vun den éischte Schrëftsteller déi den Internet benotzt hu fir mat hire Lieser a Kontakt ze kommen. Zënter Joren ass hie regelméisseg am Usenet Newsgroup alt.fan.pratchett ze fannen.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Wikiquote: Terry Pratchett – Zitater