Stëbssuckeler

Vu Wikipedia
Stëbssuckeler

E Stëbssuckeler och Staubsauger genannt, ass e Botzapparat, dee mat engem Gebléis ekipéiert ass, fir en Ënnerdrock ze schafen. Doduerch ka Stëbs a kleng Dreckdeelercher an den Apparat gesuckelt ginn. Wéinst engem Filter gëtt d'agesuckelt Loft vun de meeschten Dreckdeelercher fräigemaach an nees ausgeblosen. Den Dreck gëtt dann an engem Sak gesammelt oder am Zentrifugalsystem an engem Behälter.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den direkte Virgänger vum Stëbssuckeler war eng Teppechbiischt déi 1860 vum Daniel Hess erfonnt gouf. Se huet mat Hëllef vun engem Balleg deen e Vakuum geschaf huet, funktionéiert.

Den éischte Botzsystem, deen de Vakuum benotzt huet fir ze suckelen, war manuell. En huet Whirlwind geheescht, a war zu Chicago 1869 vum Ives W. McGaffey erfonnt ginn. Dës liicht a kompakt Maschinn war schwéier ze benotze well et huet ee missen eng Kierb dréien an déi och no ënnen drécken. Dësen Apparat gouf den 8. Juni 1869 patentéiert an huet 25 $ kascht, wat en héije Präis fir déi Zäit war. Et weess een net ob de Whirlwind e Succès war, mä déi meescht Apparater goufen zu Chicago an zu Boston verkaaft, also kann et sinn datt 1871 wéinst dem grousse Feier zu Chicago verschidden Apparater verluere gaange sinn. Just zwee Exemplare goufe erëmfonnt, een ass am Hoover Historical Center zu North Canton am Ohio.

De motoriséierte Stëbssuckeler gouf 1901 vum Hubert Cecil Booth erfonnt, e britteschen Ingenieur. En hat gemierkt, datt een d'Botze vun de Sëtzer an den Zich verbessere kann andeems een de Stëbs an den Dreck op enger Plaz sammelt an e net iergendwou anescht ewechfléie léisst. Nodeem e selwer probéiert huet de Stëbs vun engem Sëtz duerch en Nuesschnappech ze suckelen, huet hien de praktesche Virgank an engem Apparat, dem Puffing Billy, applizéiert. Dëse System huet misse mat Päerd virun d'Botzgebai geschleeft ginn, d'Suckele gouf vun engem Bensinnsmotor gemaach. Dës Erfindung vum Booth hat awer kee richtege Succès.

1905 gëtt de Griffith's Improved Vacuum Apparatus for Removing Dust from Carpets („Verbesserte Vakuumapparat vum Griffith fir de Stëbs vun den Teppecher ewechzekréien“) vum Walter Griffiths patentéiert. Et geet ëm en neie manuelle System, dee liicht ze transportéieren an einfach ze raumen ass a vu just enger Persoun benotzt ka ginn. De Benotzer muss nëmmen e Ballegsystem drécken, deen de Stëbs iwwer e flexibelen Schlauch suckelt, deen ee kann erofhuelen an un deen een Accessoirë ka montéieren. Et ass den éischten Hausstëbssuckeler dee mat den aktuelle Stëbssuckelere vergläichbar ass.

1906: Den James Murray Spangler, Concierge vu Canton am Ohio, entwéckelt en elektronesche Stëbssuckeler aus engem Ventilator, enger Këscht an enger Pillemhousse. D'Maschinn vum Spangler integréiert och eng rotativ Biischt fir de Stëbs méi einfach ewechzehuelen. 1908 patentéiert, gëtt de System un d'Firma Hoover Harness and Leather Goods Factory vu sengem Cousin William Hoover verkaaft. A Groussbritannien gouf den Numm Hoover souguer zu engem Synonym fir Stëbssuckeler respektiv d'Stëbssuckelen u sech (doing the hoovering).

Bis an den Zweete Weltkrich ware Stëbssuckeler e Luxus. Hautdesdaags sinn d'Stëbssuckeler gängeg an den Industrielänner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stëbssuckeler – Biller, Videoen oder Audiodateien