Lucien Zeimes
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Lucien Zeimes, gebuer den 30. Oktober 1948 zu Hënchereng a gestuerwen den 1. Oktober 2002 zu Bernkastel, war e lëtzebuergesche Vëlossportler. [1]
Hien huet 4 mol de lëtzebuergesche Championnat am Cyclo-Cross gewonn (1970, 1971, 1972 an 1976). 1978 gouf den 1. vum Championnat de Roger Gilson wéint Doping deklasséiert an de Lucien Zeimes deen 2. gouf gëtt dofir a verschiddene Lëschten als lëtzebuergesche Champion gefouert. [2]
1979 gouf hien de 7. op der Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross zu Saccolongo di Padova (Italien). [3]