Otto I. (HRR)

Vu Wikipedia
Otto I.
Gebuer 23. November 912 jul.
Wallhausen
Gestuerwen 7. Mee 973 jul.
Memleben
Nationalitéit Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun
Aktivitéit Herrscher
Famill
Bestuet mat Edgitha, Adelheid
Papp Heinrich I.
Mamm Matill vu Ringelheim
Geschwëster Hadwig vu Sachsen, Gerberga vu Sachsen, Thankmar, Heinrich I., Bruno
Kanner Liutgard, Ludolf, Otto II., Wilhelm, Richilde vu Sachsen
Den Otto I. (Thevconicum Rex) an enger Handschrëft vum Otto vu Freising senger Weltchronik, ëm 1200.

Den Otto I., de Groussen, gebuer den 23. November 912 a gestuerwen de 7. Mee 973 zu Memleben, war vun 936 un Herzog vu Sachsen a Kinnek vum Ostfrankeräich (regnum francorum orientalium), vun 951 u Kinnek vun Italien a vun 962 u réimesch-däitsche Keeser.

An der éischter Hallschecht vu senger laanger Regierungszäit huet den Otto duerchgesat, datt säi Kinnekräich net gedeelt kéint ginn, an datt hien eleng decidéiere kéint, wie wat fir Ämter kréich. Domat huet hien den Adel géint sech opbruecht, och bannent senger Famill selwer, an et koum zu Opstänn (z. B. duerch dem Otto säi Brudder Heinrich a säi Jong Liudolf), déi den Otto awer ermëlzt huet.

955 huet den Otto d'Schluecht um Lechfeld géint d'Ungarn gewonnen, a sou d'Invasioune vun do op en Enn bruecht. Dat selwecht Joer huet hien och géint d'Slawe gewonnen, wat him den Nimbus vum Retter vun der Chrëschtenheet abruecht huet.

961 huet hien d'Kinnekräich Italien eruewert a säi Land no Norden, Osten a bis a Süditalien ausgebreet, wou e mat Byzanz a Konflikt geroden ass. Hien huet dem Karel de Grousse seng Iddi vum Keesertum nees opgegraff a sech 962 vum Poopst Johannes XII. zu Roum zum Keeser kréine gelooss. Schlussendlech ass en och mam byzantinesche Keeser eens ginn an huet säi Jong, den Otto II., mat deem senger Niess Theophanu bestuet.

968 huet den Otto zu Magdeburg en Äerzbistum grënne gelooss, wat fir hien eng wichteg Viraussetzung vun der Christianiséierung vun de Slawe war.

Den Titel "de Groussen" huet sech spéitstens zanter dem mëttelalterlechen Historiograph Otto vu Freising fest etabléiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]