Johannes XII. (Poopst)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Johannes XII. (* 937 oder 939, biergerlech Ottaviano vu Spoleto; † 14. Mee 964 zu Roum) war Poopst vum 16. Dezember 955 bis zu senger Ofsetzung de 4. Dezember 963. Deen eenzege mannerjärege Poopst an der Geschicht huet mam Otto dem Groussen deen éischten däitsche Kinnek zum Keeser gekréint. Säi Poopstnumm kënnt aus dem Hebräeschen a bedeit: Gott ass gnädeg.

De Grof Alberico vu Spoleto, e Bouf aus der Famill Marozia, huet säi Jong Ottaviano am Alter vu 16 Joer (anere Quelle no mat 18) zum Poopst wiele gelooss. De Johannes XII. zielt als déi onwierdegst Perséinlechkeet, déi jemols Poopst war. Den Historiker Bëschof Liutprand vu Cremona schwätzt a senge Schrëften ënnert anerem vu Muerd, Verstëmmelung, Inzest, Simonie, Juegd- a Spillleidenschaft, Meeneed a Gotteslästerung.

Am Sträit géint de Berengar II. vun Ivrea rifft hien 961 den däitsche Kinnek Otto I. ëm Hëllef a kréint en ëm 962 zum Keeser. Den Otto I. garantéiert dem Johannes dofir d'Weiderbestoe vum Kierchestaat. De Poopst war zefridde mam Otto I. senger Kierchepolitik an huet em e Matsproocherecht bei de Poopstwahle versprach.

Kuerz drop huet sech de Johannes awer vum Keeser lassgesot a gouf sou am Dezember 963 duerch eng vum Otto I. aberuffe Synod wéinst Onwierdegkeet ofgesat. Neie Poopst gouf de Leo VIII., dee sech awer net géint de Johannes duerchsetze konnt. Nom gewaltsame Doud vum Johannes, anscheinend gouf e vum jalouse Mann vun enger vu senge Freieschen erschloen, hu seng Unhänger de Benedikt V. zum Poopst gewielt.

[änneren] Literatur

  • Lexikon des Mittelalters, München 2002: Band V Säit 541

[änneren] Um Spaweck


Virgänger Znak vatikan.png Nofolger
Agapitus II. Lëscht vun de kathoulesche Peepst Leo VIII.
Commons: Ioannes XII – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen