Leo VIII. (Poopst)
De Leo VIII. († 1. Mäerz 965) war vum 4. Dezember 963 u Poopst. Säi Poopstnumm bedeit: de Léiw (Latäin.)
Säi Virgänger Johannes XII. gouf duerch den däitsche Keeser Otto I. no enger Uklo wéinst Onwierdegkeet ofgesat an doropshin ass de Leo VIII. de 4. Dezember 963 zum Poopst geweit ginn.
De Protonotaris Leo gëllt als eng wierdeg Persoun, war awer zum Zäitpunkt vu senger Ernennung zum Poopst Laien. Géint de Kanon ass hie vum Bëschof vun Ostia an engem Dag hannerteneen zum Ostiarius, Lekter, Exorzist, Akolyth, Subdiakon, Diakon, Paschtouer an dunn zum Bëschof vu Roum geweit ginn. Domatter hat hien de Ruff als Marionett vum Keeser.
De Johannes XII. huet awer ni op seng Rechter verzicht gehat, an huet nodeems de Keeser Otto Roum verlooss huet eng Synod ofgehalen. Déiselwecht Bëscheef, déi hie senger Zäit ofgesat hunn, hunn dunn de Leo VIII. ofgesat, erstaunlecherweis mam selwechten Uerteel wéi e puer Woche virdrun. De Johannes XII. ass awer de 14. Mee 964 gestuerwen.
Ouni sech weider ëm de Leo VIII. ze këmmeren, dee beim Keeser Otto Schutz gesicht hat, hunn d'Réimer de Benedikt V. (964 - 965) zum neie Bëschof vu Roum gewielt. Den Otto, deen an dëser Poopstwal e Broch vum Treieed gesinn huet, ass mat senger grousser Arméi géint Roum gezunn an de Benedikt V. gouf esou ofgesat. A senger Plaz koum nees de Poopst Leo VIII., deen awer scho kuerz drop am Mäerz 965 gestuerwen ass.
[änneren] Um Spaweck
| Virgänger | Nofolger | |
|---|---|---|
| 1. Johannes XII.
2. Benedikt V. |
Lëscht vun de kathoulesche Peepst | 1. Benedikt V. |
| Commons: Leo VIII – Biller, Videoen oder Audiodateien |