Nico Braun
Den Nico Braun, gebuer de 26. Oktober 1950 an der Stad Lëtzebuerg, ass ee fréiere lëtzebuergesche Foussball-Nationalspiller.[1]
No sengem Début zu Lëtzebuerg ass hien an d'Bundesliga spille gaangen, an zwar bei Schalke 04. Duerno goung hien op Metz bäi den Éischtdivisiounsclub FC Metz, wou hie Stiermer war. Hien huet do a fënnef Joer an an 170 Matcher 98 Goaler geschoss (dat bescht wat Metz bis elo hat). Während zwou Saisonen huet hie mam Argentinier Hugo Curioni een efficacen Duo am Stuerm gemaach. Déi zwéi kruten de Spëtznumm les artilleurs de Metz.
Tëschent dem 16. Abrëll 1970 an dem 26. Mäerz 1980 huet hien a 40 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe 9 Goaler geschoss.[2]
Zum Schluss vu senger Carrière huet hie beim Charleroi SC gespillt.