Oscar Wilde
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Oscar Fingal O'Flahertie Wills Wilde, gebuer de 16. Oktober 1854 zu Dublin a gestuerwen den 30. November 1900 zu Paräis, war een iresch-engleschen Auteur.
Géint 1880 gouf den Oscar Wilde duerch säin extravagante Liewensstil zu London bekannt. Hien huet säi Bekanntheetsgrad duerch Reesen duerch England an Nordamerika nach vergréissert.
Hie gouf 1895 wéinst Homosexualitéit zu enger zweejäreger Prisongsstrof veruerteelt. Wéi hien 1897 aus dem Prisong erauskoum war hie gesellschaftlech a finanziell ruinéiert an hien huet zu lescht ënnert dem Pseudonym Sebastien Melmoth a ganz armséilege Verhältnesser zu Paräis gelieft.
| Commons: Oscar Wilde – Biller, Videoen oder Audiodateien |
