Émile Raus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Emile Raus)
Den Émile Raus, gebuer de 16. Oktober 1904 zu Uespelt, a gestuerwen den 1. Juli 1980 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist.
Vun 1944 bis 1966 war hien Direkter vun der Administration des postes, télégraphes et téléphones zu Lëtzebuerg.
De 4. August 1948 krut hien eng Nominatioun fir Member vum Staatsrot a gouf den 11. November 1972 do Vizepresident. Vum 26. Juni 1975 bis de 25. Juni 1976 war hie President vun där Institutioun.[1]
Gielercher [änneren]
- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1951)[2]