Foni Tissen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Cauchemar

Den Alphonse "Foni" Tissen, gebuer den 3. Juni 1909 zu Rëmeleng a gestuerwen de 5. Februar 1975 zu Nanzeg, war e lëtzebuerger Konschterzéier a Moler.

[änneren] Säi Liewen

No der Primärschoul zu Rëmeleng ass hie vun 1921 bis 1928 an de Lycée Henri Poincaré op Nanzeg säi Secondaire maache gaangen. Duerno huet e véier Joer an der École nationale supérieure des beaux-arts zu Paräis Konscht studéiert. No sechs Joer, an deenen hie sech an der ganzer Welt erëmgedriwwen huet, geet hien 1936 op München an 1938 op Bréissel op d'Akademie.

1939 fänkt hien als Stagiär an der Escher Industrieschoul un, dem spéidere Lycée de garçons. Den 31. August 1942 ass hie mat siwen anere Proffen no dem Streik vun den Nazien aus dem Konferenzsall eraus verhaft ginn. Nodem e fir d'éischt an de Prisong am Grond koum, huet de Foni Tissen eng batter Zäit am SS-Sonderlager Hinzert verbruecht. Do koum en an déi sougenannte "Malstube", wou en deelweis mam Lucien Wercollier zesumme geschafft huet. Ënnert senge villen Autoportraiten ass een, dee weist den Tissen an enger Brak zu Hinzert d'V-Zeeche maachen. Hien huet och eng Baussevue vum KZ Hinzert gemoolt, déi zu Esch am Nationale Resistenzmusée hänkt.

1946 krut de Foni Tissen am Escher Jongelycée d'Charge fir Zeecheproff. Bis 1972 sinn Honnerte vu Schüler duerch hie geléiert ginn ze "kucken".

No der Pensioun huet hie sech meeschtens a sengem Haus zu Heeschpelt opgehalen. Hie konnt net laang dovunner profitéieren, well hien ass schonns de 5. Februar 1975 zu Nanzeg am Spidol gestuerwen.

De Foni Tissen war de Brudder vun der Schauspillerin Berthe Tissen. Hie war bestuet a Papp vun zwou Duechteren: Baba (Barbara) Tissen a Vouf (Viviane) Tissen.

Vun 1970 bis 1971 war hie President vum Rotary Club vun Esch-Uelzecht.

Logo vum Centenaire 2009

[änneren] Centenaire Foni Tissen 2009

Am Joer 2009 si fir den honnertste Gebuertsdag vum Foni Tissen eng sëlleg Evenementer organiséiert ginn:

  • Februar-Mäerz: Ausstellung « Arts Appliqués Foni Tissen » am Escher Jongelycée
  • Mee : d'Post gëtt en Timber eraus op dem de Foni Tissen ze gesinn ass
  • 3. bis 14. Juni: Ausstellung « Minettsdäpp a Roud Fielsen » am Kulturzenter zu Rëmeleng
  • 6. Oktober 2009 bis 10. Januar 2010: « Foni Tissen 1909-1975 », Ausstellung am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an der Stad
  • Weider am leschten Trimester:
    • Publikatioun vum Catalogue « Rétrospective », dee 450 Wierker vum Tissen wäert presentéieren
    • Publikatioun vun engem Timbersbichelche mat Wierker vum Foni Tissen

[änneren] Säi Wierk

Renert-Timber, Entworf vum Foni Tissen

[änneren] Ausstellungen

[änneren] Literatur

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen