John C. Mather
De John Cromwell Mather, gebuer de 27. August 1946 zu Roanoke, Virginia ass en US-amerikaneschen Astrophysiker.
De Mather ass no bei der Rutgers Universéit am ländleche New Jersey opgewuess, huet dann um Swarthmore College studéiert an duerno op der University of California, Berkeley. Hien huet säi ganzt Liewe bei der NASA geschafft. Zulescht huet hien am Goddard Space Flight Center vun der NASA geschafft. Fir seng Aarbecht zu den Ënnersich vun der kosmescher Hannergrondstralung gouf hien 2006 zesumme mam George F. Smoot fir hir Bestätegung, datt de Spektrum vun der Hannergrondstralung dem Plancksches Stralungsgesetz engem schwaarze Kierper follegt, an der Entdeckung vun der Anisotropie vum kosmesche Mikrowellenhannergrond (for their discovery of the blackbody form and anisotropy of the cosmic microwave background radiation) mat dem Nobelpräis fir Physik ausgezeechent. D'Miessunge vun der kosmescher Hannergrondstralung goufe vum Smoot a Mather mat dem COBE-Satellit duerchgefouert.
Éierungen [änneren]
- 1993 Dannie-Heineman-Präis fir Astrophysik
- 1996 Rumford-Präis
- 2006 Gruber-Präis fir Kosmologie
- 2006 Nobelpräis fir Physik
Um Spaweck [änneren]
| Commons: John C. Mather – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- John C. Mathers Liewenslaf vum Goddard Space Flight Center vun der NASA
- „2 Americans Win Nobel in Physics“, New York Times, 4. Oktober 2006