Harry Edwin Wood
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Harry Edwin Wood, gebuer den 3. Februar 1881 zu Manchester, England a gestuerwen de 27. Februar 1946 war en südafrikaneschen Astronom.
Am Joer 1906 gouf hien zum Chefassistent vum Transvaal Meteorological Observatory ernannt, dat kuerz duerno ugefaangen hat, Teleskope ze kafen an als Union Observatoire bekannt gouf. Hei war hien Direkter vun 1928 bis 1941 a gouf Nofolger vum Robert Innes. De Wood war bestuet, awer hat keng Kanner.
Vun 1929 bis 1930 war hie President vun der Astronomical Society of South Africa. De Wood hat etlech Asteroiden entdeckt an zu séngen Éieren gouf een Asteroid (1660) Wood no him genannt.
Um Spaweck [änneren]
- http://www.saao.ac.za/assa/html/his-astr_-_wood_he.html
- Obituary (1947MNRAS.107...60.)