Perl

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Perl
Wopen
Perl (Däitschland)
Perl
Land: Flag of Germany.svg Däitschland
Bundesland : Wappen des Saarlands.svg Saarland
Landkrees : Merzig-Wadern
Fläch : 75,06 km²
Awunner : 7.738 (31. Dez. 2011)
Koordinaten: 49° 28′ N, 6° 23′ O49.4736111111116.3857Koordinaten: 49° 28′ 25″ N, 6° 23′ 6″ O
Lag vun der Gemeng Perl am Landkrees Merzig-Wadern
Lag vun der Gemeng Perl am Landkrees Merzig-Wadern
Bei der Kierch zu Perl

Perl ass eng däitsch Uertschaft a Gemeng bei der Musel am Landkrees Merzig-Wadern am Saarland. Op der lëtzebuerger Musel soe se Pierel an am Minett soen se Päerel. Bei de Lëtzebuerger ass Perl haaptsächlech bekannt duerch hir grouss verschiddenarteg Akafszentren.

D'Uertschaft huet eppes iwwer 7.000 Awunner.

Fir aner Bedeitunge vum Wuert Perl kuckt: Perl (Homonymie).

Geographie [änneren]

Perl läit um Dräilännereck Däitschland-Frankräich-Lëtzebuerg riets vun der Uewermusel an zitt sech wäit op de Muselgau erop. Op der anerer Muselsäit läit Lëtzebuerg mat den Uertschaften Schengen a Réimech. D'Gemeng Perl gëtt am Westen (Gemarkungen Besch, Nenning a Perl) vun der Musel begrenzt, déi hei d'Grenz zu Lëtzebuerg formt. Well d'Musel hei op enger Längt vu ronn zéng Kilometer de saarlänneschen Deel vum däitsch-lëtzebuergeschem Hoheitsgebitt formt, dat net zu der Gemeng gehéiert, grenzt Perl strenggeholl un dëst Gebitt an doduerch net direkt un de lénksrhäinesch geleeënen lëtzebuergesche Kanton Réimech. Am Süde stéisst d'Gemeng un Frankräich (Loutrengen) mat den Uertschaften Apach, Belmach a Merschweiller, am Norden un Rheinland-Pfalz. Den ëstleche Noper ass d'Gemeng Mettlach. Den héchste Punkt vun der Gemeng ass deen un der franséischer Grenz geleeëne „Schneeberg“ zu Eft (429 m iwwer NN).

Gemengeglidderung [änneren]

Besch un der Musel

D'Gemeng Perl gliddert 14 Uertsdeeler, déi zu 11 Gemengebezirker gehéieren. Awunnerzuelen Stand 31. Dezember 2010:[1]

Perl
Uertsdeel Fläch Awunner
Besch 7,82 km² 1.304
Borg 7,98 km² 390
Büschdorf 4,23 km² 303
Eft-Hellendorf 9,92 km² 312
Keßlingen 2,34 km² 126
Münzingen 1,78 km² 50
Nennig 9,73 km² 1.149
Oberleuken 7,14 km² 544
Oberperl 3,05 km² 483
Perl 2,96 km² 2.129
Sehndorf 2,73 km² 227
Sinz 6,72 km² 331
Tettingen-Butzdorf 4,77 km² 374
Wochern 3,88 km² 188
Insgesamt 75,06 km² 7.910

Oberleuken, Keßlingen a Münzingen souwéi Tettingen-Butzdorf an Wochern formen je en kollektiven Gemengebezirk, déi iwwreg Gemengebezirker sinn mat den Uertsdeeler identesch.

Perl an Ëmgéigend ëm 1730

Geschicht [änneren]

Sidlungsspuren aus der Mëttelstengzäit fënnt een zu Perl an Ëmgéigend genausou wéi Graffelder aus Bronze- an Eisenzäit. Keltesch Uertsnimm an réimesch Bauwierker beleeën d'Attraktivitéit vun der Standplaz zu allen Zäiten. Déi réimesch Villa zu Nennig staamt aus dem 4. Joerhonnert a gouf wuel bei der Normanneschluecht 882 zerstéiert. Mëttelalterlech Buergen a Kierchen sinn weider Zeien vun enger beweegter Vergaangenheet. Déi eelste schrëftlech Nennunge stamen aus dem 9. Joerhonnert. D'Gebitt hat zu Tréier, Lëtzebuerg, Loutrengen, Frankräich an dem Räich vun den Habsburger gehéiert. No dem Wiener Kongress gouf Perl preisesch, eréischt vun 1946 un gouf et saarlännesch. Am Zuch vun der Gebittreform Ufank vun de 1970er gouf aus de 14 bis dohin selbstännege Gemengen d'Groussgemeng Perl.

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Perl (Mosel) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]