Milliard
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Wuert Milliard (Ofkierzung Mrd.) steet fir d'Zuel 1 000 000 000 = 109. 1 Milliard ass gläich Dausend Milliounen.
Eng aner Bezeechnung mat der Bedeitung Milliard ass de Virsaz giga, wougéint de milliardsten Deel (10-9) mat nano bezeechent gëtt.
Am amerikaneschen Englesch heescht Milliard billion (dacks ofgekierzt duerch bn). Dat am briteschen Englesch gebrauchten milliard gouf vun dem amerikaneschen billion bal ganz verdrängt.