Lucien Blau
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Lucien Blau, gebuer den 11. August 1953 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Historiker an Enseignant am Secondaire.
1984 huet hien op der Universitéit zu Metz seng Maîtrise iwwer d'Thema Resistenz zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich gemaach an och do 1996 en Doktorat iwwer d'Thema Histoire de l'extrême-droite au Grand-Duché de Luxembourg au XXe siècle ofgeluecht.
Hie war Grënnungsmember vun Déi Gréng a gouf op hirer Lëscht an den Diddelenger Gemengerot gewielt; 2004 ass en aus der Partei ausgetrueden.
Publikatiounen
- 1998 (2. Oplo 2005): Histoire de l'extrême-droite au Grand-Duché de Luxembourg au XXe siècle, 659 Säiten, Éditions Le Phare, Esch-Uelzecht, ISBN 2-87964-034-2
- 2006: L'extrême-droite des collaborateurs (S. 167-186). In Collaboration: nazification? Le cas du Luxembourg à la lumière des situations française, belge et néerlandaise. Actes du colloque international au Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster Mai 2006. Éditeur: Archives nationales de Luxembourg. Zweet a verbessert Oplo: 2008, 511 S.. ISBN 978-2-919773-06-0.
- 2007: Mam Schucos-Auto an den Zinema Royal, 124 Säiten, Editions Ultimomondo, Sandweiler, ISBN 978-2-919933-35-8
Literatur
- Bicherbuch - Livre des livres - Bücherbuch - Book of books, Editions Ultimomondo, 2010, ISBN 978-2-919933-65-5, S. 21 - S. 28