Stee vu Rosetta

Vu Wikipedia
De Stee vu Rosetta

De Stee vu Rosetta oder Stee vu Rosette ass eng stenge Stele, déi als Fragment erhalen ass, an op där an dräi Schrëften (Hieroglyphen, Demotesch, Algriichesch) e Priesterdekreet agemeesselet ass. Dësen Text aus dem Joer 196 v. Chr. ass en Hommage un den egyptesche Kinnek Ptolemaios V. a lueft e fir alles, wat e Guddes gemaach hätt.

De Stee vu Rosetta huet eng determinant Roll gespillt, fir déi egyptesch Hieroglyphen iwwersetzen ze kënnen. En ass zanter dem 19. Jh. am British Museum zu London ausgestallt.[1]

En ass 112,3 cm héich, 75,7 cm breet und 28,4 cm déif, weit 762 kg an ass aus donkelgroem Granodiorit.[2]

Well e beschiedegt ass, ass kee vun den dräi Texter komplett erhalen:

  • Vum ieweschten Text (Hieroglyphen) feele ronn zwee Drëttel, just déi lescht 14 Zeilen si ganz erhalen. All 14 Zeile sinn um rietse Bord beschiedegt an 12 Zeilen zousätzlech op der lénkser Säit.
  • De mëttelse Beräich (Demotesch) ass am beschten erhalen. Vun den 32 Zeilen sinn déi iewescht 14 um rietse Bord liicht beschiedegt.
  • Vum ënneschten Text (Griichesch) feelt riets en Eckstéck. Dofir kënne vun de 54 Zeilen nëmme 27 komplett gelies ginn.

An de Joren nodeems e 1799 fonnt gi war, hu franséisch Fuerscher an Egypten e ganze Koup Kopië vum Text gemaach, andeems se Dréckertënt drop verdeelt hunn an dan Negativ-Ofdréck ofzéie konnten. D'Reschter vun der Tënt goufe bei Restauratiounsaarbechten, Enn vum 20. Jh., nees ewechgemaach, soudatt de Steen nees sou ausgesäit wéi e war.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Stee gouf am Laf vum Napoleon senger egyptescher Expeditioun, de 15. Juli 1799, vum franséischen Offizéier Pierre François Xavier Bouchard bei Rosette am Nildall fonnt. D'Fransousen hunn en, no hirer Néierlag, mat aneren Antiquitéiten 1801 de Britte missen iwwerloossen. Dat Joer drop gouf en am British Museum zu London ausgestallt, wou en haut nach ass.

Well de Steen an dräi Sproochen ass, war séier kloer, datt en e Schlëssel wier, d'Hieroglyphen z'entzifferen. Dëst ass 1822 dem Jean-François Champollion gelongen, deen de Steen (an och aner Quellen) studéiert hat. Seng Entdeckung huet et den Archeologen erméiglecht, vill aner egyptesch hieroglyphesch Inskriptiounen z'entzifferen. De Stee vu Rosette ass deemno d'Grondlag vun der moderner Egyptologie.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Richard B. Parkinson: The Rosetta Stone. British Museum Press, London 2005, ISBN 0-7141-5021-5.
  • Stephen Quirke: The Rosetta Stone. Facsimile drawing. British Museum Press, London 1988, ISBN 0-7141-0948-7.
  • John Ray: The Rosetta Stone and the rebirth of ancient Egypt. Profile Books, London 2007, ISBN 978-1-86197-334-4.
  • Robert Solé: La pierre de Rosette. Édition du Seuil, Paris 1999, ISBN 2-02-037130-8.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rosetta Stone – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. The British Museum: The Rosetta Stone
  2. The British Museum: The Rosetta Stone – Object details.
Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten.