Juan-les-Pins
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Juan-les-Pins ass eng Uertschaft op der Côte d'Azur. D'Uertschaft gehéiert zur Stad Antibes a läit am Departement Alpes-Maritimes an der Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur. D'Gemeng huet zesumme mat Antibes ongeféier 74.000 Awunner a nennt sech offiziell Antibes Juan-les-Pins. Bis op Nice sinn et eppes 20 km a bis op Cannes gutt 12 km.
Juan-les-Pins hat seng Glanzzäit an den 1920er Joren, wéi et vill Amerikaner dohi gezunn huet.
Jazzfestival [änneren]
Nom Zweete Weltkrich huet Juan en neien Opschwonk kritt, och duerch säin Jazz-Festival, deen 1960 lancéiert gouf. All grouss Jazzmuseker, wéi Louis Armstrong, Count Basie, Charles Mingus, Miles Davis, Ella Fitzgerald, Duke Ellington, Sarah Vaughan, Ray Charles, Herbie Hancock, Georges Benson, Keith Jarrett, Al Jarreau, etc. hunn dunn de Wee op Juan-les-Pins fonnt. Dee Festival ass hautdesdaags am Juli.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Juan-les-Pins – Biller, Videoen oder Audiodateien |