Schluecht vun Austerlitz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Schluecht vun Austerlitz
Schlacht bei Austerlitz.jpg
Schluecht vun Austerlitz
Datum 2. Dezember 1805
Plaz Plateau vu Pratzen, bei Austerlitz
Resultat franséisch Victoire
Kontrahenten
Russland
Éisträich
Frankräich
Männer op der Plaz
90 000 Männer 75 000 Männer
Koalitiounskricher

D'Schluecht vun Austerlitz, déi och nach fälschlecherweis Dräikeeserschluecht genannt gëtt (tatsächlech waren nämlech nëmmen zwéi vun den dräi Keeseren um Schluechtfeld present), huet sech den 2. Dezember 1805 um Plateau vu Pratzen, an der Géigend vun der Stad Austerlitz am haitegen Tschechien, ofgespillt an ass wuel eng vun de gréisste Victoiren, wann net déi gréisst, vum Napoléon.

Am August 1805 steet den Napoléon, mat senger Grande Armée, zu Boulogne prett fir an England iwwerzefueren. Mä den Admirol Villeneuve sëtzt zu Cadix fest a kann net mat Zäiten op Boulogne kommen. Den Napoleon ännert du seng Strategie a setzt e Plang op, deen d'Grande Armée virun d'Diere vu Wien brénge soll. Dat loosse sech déi europäesch Muechte Groussbritannien, Russland an Éisträich natierlech net gefalen, an zesumme mat de Schweden, Neapel a Preisen setze si déi Drëtt Koalitioun op. D'Englänner selwer hu sech awer net op de Kontinent gewot, mä hu mat hirem Gold hir aner Koalitiounsmemberen ënnerstëtzt. Frankräich steet quasi eleng géint Europa. No der Victoire vun Ulm de 16. Oktober 1805, marschéiert den Napoléon de 15. November a Wien an, wou sech keng Resistenz weist. Fir datt d'Russen hir Truppen net frësch sammele kënnen, schéckt de Keeser de Murat, de Soult an d'Garde Impériale no vir, fir datt si sollen dem Kutusow de Wee verspären. Den Napoléon ass an enger schwiereger Situatioun: d'Arméi ass wäit vun doheem ewech, an deemools gouf et dacks Problemer bei der Versuergung, a Frankräich selwer gëtt gezielt datt de Keeser d'Staatskeess geplëmmt hätt ier hie sech op de Wee an Däitschland gemaach huet, an deselwechten Dag wéi hien zu Ulm gewënnt, schléit den Nelson d'Fransousen an der Schluecht vun Trafalgar. Eng séier militäresch Decisioun war also wichteg.

Preparatioun vun der Schluecht[änneren | Quelltext änneren]

D'Schluechtfeld: De Plateau vu Pratzen[änneren | Quelltext änneren]

"Jamais champs de bataille ne fut mieux exploré et mieux préparé" schreift de Comte de Ségur a sengen Histoire et Mémoires. Den Thiébault geet nach e Schrack méi wäit an erzielt eis "Il connaissait son terrain aussi bien que les environs de Paris" (Thiébault, Mémoires). An effektiv, zanter d'Fransousen um Plateau vu Pratzen ukomm sinn, ass de Keeser dauernd ënnerwee a kuckt sech d'Schluechtfeld un, wat hie sech erausgesicht huet. Dëst Schluechtfeld ass also de Plateau vu Pratzen, ëstlech vun Austerlitz. Am Wénkel vun der Strooss déi vu Wien op Brünn an Olmutz féiert, huet hie seng Truppe placéiert, op den Héichten déi mat Dännebeem bewuess sinn. Fir säi Plang huet den Napoléon decidéiert, de Plateau vu Pratzen selwer ganz den Alliéierten z'iwwerloossen. De Comte de Ségur, dee bei der Schluecht dobäi war, erzielt eis weider a senge Mémoiren, datt den Napoléon säi Choix vum Schluechtfeld folgendermoosse beschreift: "Maître de cette belle position, je pourrais arrêter les Russes; mais alors je n'aurais qu'une bataille ordinaire, tandis que, en la leur abandonnant et retirant ma droite, s'ils osent descendre de ces hauteurs pour m'envelopper, ils seront perdus sans ressources".

D'Arméien op der Plaz[änneren | Quelltext änneren]

D'Alliéiert sinn de Fransousen zueleméisseg wäit iwwerleeën. De Comte de Ségur, a senge Memoiren, erzielt eis vun 90.000 Mann op alliéierter Säit. Si besetzen d'Schlass vu Kaunitz an d'Arméi gëtt vum Prënz Bagration geleet. D'alliéiert Arméi besteet aus de Corpse vum Doctorov, Langeron, Pribyschweksi a Kollowrath. Den Alexander ass iwwerzeegt, datt muss ugegraff ginn, virun allem och well net ageplangt war, datt d'Campagne sou laang géif daueren, an d'Liewensmëttel knapps ginn.

D'Grande Armée vum Napoléon besteet aus siwe Corpsen a gëtt vun der Garde Impériale ënner dem Kommando vum Bessières ënnerstëtzt. Déi respektiv Corpse gi geleet vu Bernadotte, Davout, Marmont, Soult, Lannes, Ney an Augereau. D'Reserv vun der Kavallerie ënnersteet dem Murat. Am ganze kommen d'Fransousen op eng Ronn 68.000 Leit.

Verschidde Strategien[änneren | Quelltext änneren]

Dem Napoléon seng Strategie[änneren | Quelltext änneren]

Strategie vum Napoléon

Den 1. Dezember schreift de Keeser folgend Proklamatioun u seng Zaldoten: "Soldats, l'armée russe se présente devant vous pour venger l'armée autrichienne d'Ulm. Ce sont ces mêmes bataillons que vous avez battus à Hollabrünn, et que depuis vous avez constamment poursuivis jusqu'ici. Les positions que nous occupons sont formidables; et, pendant qu'ils marcheront pour tourner ma droite, il me présenteront le flanc." (Correspondance, n° 9533) Den Napoléon stellt seng Truppe selwer op. De Plang ass einfach: hien iwwerléisst de Plateau vu Pratzen den Éisträicher a Russen, a stellt seng Divisioune virum Plateau op. Hie schwächt express seng riets Säit, fir de Géigner unzelackelen. Soubal d'Alliéiert dann um Plateau ukomm sinn, gräift hien un, mam Zil déi géigneresch Arméi ze splécken an auserneenzedreiwen. An effektiv falen d'Russen drop eran. Den Napoléon weess genee Bescheed wou d'Russe sech stationéiere wäerten, an ass also um Courant wou hien zouschloe kann. Den 1. Dezember mécht hien owes nach eng lescht "Visite des lieux" an ännert ganz liicht d'Direktioun vu senger Attack, fir se de Russen unzepassen. Donieft schéckt hien och nach de Murat mat der Kavallerie e bëssen no fir, mam Uerder, sech direkt zréckzezéien, soubal d'Russe si sollte gesinn, wéi wann si Angscht hätten. E weidert Evenement verstäerkt (a bestëmmt och demno) de Plang vun den Alliéierten. Nodeem den Napoléon den 1. Dezember owes spéit am Däischteren nees bei säi Lager zréck kënnt, stéisst hie sech entweder un engem Bam, oder probéiert eng Kaart ze liesen (et gëtt verschidde Versiounen iwwer dat wat elo kënnt). E Grenadéier mécht dem Keeser dofir eng Fakel un, fir datt hien eppes gesäit, wat vun den aneren Zaldoten als Zeechen interpretéiert gëtt, wéi si hire Keeser am Liicht gesinn. Een nom anere fänken se u mat jäizen "C'est l'anniversaire du couronnement, vive l'Empereur!". Obwuel den Napoléon ufanks net begeeschert ass vun deem Zodi, sou léisst en sech dach matrappen, an zesumme gëtt eng kleng Feier improviséiert, well mir sinn den 2. Dezember, Joresdag vun der Kréinung zum Keeser vum Bonaparte. Dëst Evenement kréien d'Alliéiert natierlech mat.

De Plang vum Zar Alexander I.[änneren | Quelltext änneren]

Strategie vun den Alliéierten

Nodeem de Bonaparte d'Russe scho souwäit huet, datt si ugräife wëllen, verstäerkt d'Feier vum Owend dëse Wëllen. Fir d'Alliéiert kënnt et nämlech sou eriwwer, wéi wann d'Fransousen hir Zelter géifen ofbriechen, a verbrennen, well si sech duerch d'Bascht maache wëllen. Well d'franséisch Arméi eréischt kuerz virdru Wien eruewert hat, erschéngt et den Alliéierte logesch, datt den Napoléon sech dohin zréckzéie wëll, bis e méi Leit opweises huet, fir sech de Koaliséierten ze stellen. Deen Iertum ass mat bedingt duerch de Fait datt den Alexander nach ni géint den Napoléon ugetrueden ass, a wéineg Anung vun deem senge Strategien huet. D'Alliéiert plangen deemno, de Plateau vu Pratzen hanner sech ze loossen, an d'Fransousen z'ëmkreesen, fir hinnen de Wee zréck op Wien ze verspären. Schonn den 29. November schreift den Alexander dem Kinnek vu Preisen an engem Bréif: "L'armée devant faire demain un mouvement par sa gauche pour entourer le flanc droit de l'ennemi et menacer de lui couper la retraite sur Vienne, j'ai dû, Sire, en avertir le prince de Hohenlohe et le général Grawert pour des précautions qu'il ne serait pas inutile de prendre pour la sûreté des Silésies". Den Ufank vun der Attack gëtt op 5 Auer moies festgeluecht.

D'Schluecht vun Austerlitz[änneren | Quelltext änneren]

D'Schluecht vun Austerlitz fänkt géint 7 Auer moies un an dauert bis 4 Auer am Nomëtteg. Géint 5 Auer moies fänken d'Alliéiert also un, hir Truppen ze placéieren. Et kënnt awer zu engem groussen Duercherneen tëscht Russen an Éisträicher, a mat engem Retard vun iwwer enger Stonn stinn si endlech do, wou se hisollen. Dat erlaabt de Fransousen an der Tëschenzäit hir Defense ze verstäerken, an d'Éisträicher nees zréck iwwer de Goldbach, eng kleng Baach déi duerch de Plateau fléisst, zréckzedrécken. Den éischten Deel vum Plang vum Napoléon ass opgangen, "les deux ailes ennemies se trouveront soudainement séparées par ce coup de guerre" (Ségur, Histoire et Mémoires). Mä nach ass näischt gewonnen. De Saint-Hilaire iwwerrascht de Kutusow an eruewert Pratzen, während de Vandamme d'Russen zréckdréckt. Mëttlerweil hu mer 1 Auer Mëttes, mä bis elo gëtt et nach kee klore Gewënner. An deem Moment mécht sech de Rapp mat engem Regiment vu Chasseurs op géint d'Russen, a kann duerno stolz dem Keeser vun der "enière défaite, par la garde française, de la garde russe" (Ségur, Histoire et Mémoires) verzielen.

Géint 4 Auer ass d'Schluecht dann definitiv eriwwer. Vill Russen, déi am komplette Chaos an all Himmelsrichtunge fortlafen, bleiwen am Äis hänken, well d'Suppen sinn natierlech ëm dës Joreszäit zougefruer. De Prënz Bagration zitt sech mat sengem Regiment zréck op Austerlitz.

No der Schluecht kënnt et zum berühmten Discours vum Keeser zu der Schluecht vun Austerlitz:

"Soldats, je suis content de vous.
Vous avez, à la journée d'Austerlitz, justifié tout ce que j'attendais de votre intrépidité ; vous avez décoré vos aigles d'une immortelle gloire. Une armée de 100 000 hommes, commandée par les empereurs de Russie et d'Autriche, a été, en moins de quatre heures, ou coupée ou dispersée. Ce qui a échappé à votre fer s'est noyé dans les lacs. Quarante drapeaux, les étendards de la garde impériale de Russie, cent vingt pièces de canon, vingt généraux, plus de 30 000 prisonniers, sont le résultat de cette journée à jamais célèbre. Cette infanterie tant vantée, et en nombre supérieur, n'a pu résister à votre choc, et désormais vous n'avez plus de rivaux à redouter. Ainsi, en deux mois, cette troisième coalition a été vaincue et dissoute. La paix ne peut plus être éloignée ; mais, comme je l'ai promis à mon peuple avant de passer le Rhin, je ne ferai qu'une paix qui nous donne des garanties et assure des récompenses à nos alliés.
Soldats, lorsque le peuple français plaça sur ma tête la couronne impériale, je me confiai à vous pour la maintenir toujours dans ce haut éclat de gloire qui seul pouvait lui donner du prix à mes yeux. Mais dans le même moment nos ennemis pensaient à la détruire et à l'avilir ! Et cette couronne de fer, conquise par le sang de tant de Français, ils voulaient m'obliger à la placer sur la tête de nos plus cruels ennemis ! Projets téméraires et insensés que, le jour même de l'anniversaire du couronnement de votre Empereur, vous avez anéantis et confondus ! Vous leur avez appris qu'il est plus facile de nous braver et de nous menacer que de nous vaincre.
Soldats, lorsque tout ce qui est nécessaire pour assurer le bonheur et la prospérité de notre patrie sera accompli, je vous ramènerai en France; là, vous serez l'objet de mes plus tendres sollicitudes. Mon peuple vous reverra avec joie, et il vous suffira de dire, J'étais à la bataille d'Austerlitz, pour que l'on réponde, Voilà un brave."

Bilan a Konsequenzen[änneren | Quelltext änneren]

De Bilan vun der Schluecht vun Austerlitz ass schwéier fir d'Alliéiert. Si hu grouss Verloschter. Iwwer 800 Offizéier an 10.000 Zaldote kommen ëm d'Liewen, 10.000 si blesséiert oder verschwonnen, 20.000 gi gefaange geholl. D'Fransouse kommen do mat 1.290 Doudegen an 6.943 Blesséierte besser ewech (Jean Sénéchal, "Austerlitz: La grande manoeuvre" in Revue du Souvenir Napoléonien).

Den Napoléon installéiert säin Haaptquartier zu Austerlitz. No der Schluecht selwer fänken d'Leit un, déi Schluecht Dräikeeserschluecht ze nennen, oder och nach bataille de l'Anniversaire. Den Napoléon decidéiert fir se Schluecht vun Austerlitz ze nennen.

Austerlitz markéiert d'Enn vun der Drëtter Koalitioun. De Waffestëllstand gëtt de 6. Dezember ënnerschriwwen, an de 26. Dezember gëtt den Traité vu Pressbuerg, e Friddensvertrag, ënnerzeechent. Dësen Traité verännert d'europäesch Landkaart. Den Napoléon léisst sech zum Kinnek vun Italien ernennen, a verdreiwt domat d'Éisträicher. Mä net nëmmen an Italien musse se goen, mä och an Däitschland. Austerlitz markéiert d'Enn vum Hellege Réimesche Räich däitscher Natioun. De Franz II. gëtt als Franz I. éischte Keeser vun Éisträich.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • André Corvisier, Histoire militaire de la France, t. 2, PUF, Paräis, 1992.
  • David G. Chandler, On the Napoleonic Wars - Collected Essays, Greenhill Books, London, 1994.
  • Jean Tulard, Le grand Empire 1804-1815, Albin Michel, Paräis, 1982.
  • Claude Manceron, Austerlitz: 2 décembre 1805, Laffont, Paräis, 1962.
  • Thierry Rouillard a Stéphane Le Couëdic (ersg.), Bulletins de la Grande Armée, "Campagne d'Austerlitz", La Vouivre, Paräis, 1999.
  • Jean Thiry, Ulm, Trafalgar, Austerlitz, Berger-Levrault, Paräis, 1962.
  • Gunther E. Rothenberg, Atlas des guerres napoléoniennes, Autrement, Paräis, 2000.
  • Jean Tulard, Dictionnaire Napoléon, Fayard, Paräis, 1989.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schluecht vun Austerlitz – Biller, Videoen oder Audiodateien