Sluis
Sluis ass eng Stad a Gemeng am Weste vu Zeeuws-Vlaanderen, an der hollännescher Provënz Zeeland. D'Haapuertschaft vun der Gemeng, déi e puermol mat aneren zesummegelucht gouf, ass Oostburg. Den 1. Januar 2007 hunn an der Uertschaft Sluis 2.388 Awunner gelieft. Deselwelchten Dag waren an der ganzer Gemeng Sluis 24.298 Leit registréiert. Aner Uertschaften (just déi iwwer 1000 Awunnner) sinn ë. a.: Oostburg, Breskens, Aardenburg IJzendijke a Schoondijke.
Sluis huet 1290 seng Stadrechter kritt. Zu Sluis steet deen eenzegen hollännesche Beffroi. 1340, um Ufank vum Honnertjärege Krich, war nobäi eng Séischluecht, d'Schluecht vu Sluis, wou d'englesch Flott ënnert dem Edward III. 190 franséisch Schëffer verdriwwen huet.
Am Zweete Weltkrich gouf d'Stad zu engem groussen Deel zerstéiert, wéi 1944 an der Operatioun Switchback d'Scheldeufer befreit gouf.
Fréier louch Sluis direkt um Zwin, an huet esou direkten Zougank zum Nordmier an zu der Westerschelde gehat. No beim Zentrum läit nach ëmmer en Hafen. Och d'Festunge sinn zum groussen Deel erhale bliwwen. D'Damse Vaart, e Kanal bis op Bruges, hält zu Sluis op. Belsch Akafstouriste besichen dës Stad gär.
Gebuer zu Sluis [änneren]
- Catharina van Orliens (1647-1680).
- Johan Hendrik van Dale, deen deen Dictionnaire vum Hollänneschen, de sougenannten "Dikke Van Dale", geschriwwen huet.
|
|
|
|---|---|
|
Borsele | Goes | Hulst | Kapelle | Middelburg | Noord-Beveland | Reimerswaal | Schouwen-Duiveland | Sluis | Terneuzen | Tholen | Veere | Vlissingen |
|
| Provënzen | |
| Commons: Sluis – Biller, Videoen oder Audiodateien |