Van Dale Groot woordenboek van de Nederlandse taal

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Van Dale Groot woordenboek van de Nederlandse taal ass de kompletten Numm vun deem gréissten Dictionnaire vun der moderner hollännescher Sprooch.

Déi aktuell Oplo ass déi 14. vun 2005; se an dräi Bänn ze kréie mat enger CD-Rom op där dat ganz Wierderbuch drop ass. Déi nei Oplo huet op 4.464 Säiten 268.826 Lemmata, an domat eng 9.000 weider wéi déi vierecht Editioun. Nei sinn ënner aneren ietsisme, regenboogcoalitie, kofferbakhandel an d'Schreifweis ass déi nei "offiziell" vun 2005 vun der Nederlandse Taalunie.
Den Dictionnaire ass nom Johan Hendrik van Dale genannt, deen 1872 dat aalt Nieuw woordenboek der Nederlandsche taal, dat den I. M. Calisch an den N. S. Calisch 1864 erausginn haten, an dat sech sengersäits op en alen Iwwersetzungsdictionnaire Hollännesch-Franséisch stäipt, komplett iwwerschafft hat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]