Breskens

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Breskens
Land: Flag of the Netherlands.svg Holland
Provënz: Flag of Zeeland.svg Zeeland
Gemeng: Flag of Sluis.gif Sluis
Awunner: 4.770 (2006)
Geographesch Koordinaten: 51° 23' 50" N
03° 33' 20" O

Breskens ass eng Hafestiedchen un der Westerschelde. Et ass Deel vun der Gemeng Sluis an der hollännescher Provënz Zeeland. 4.770 Awunner hunn do 2006 gelieft.

Breskens ass bekannt fir seng Visserijfeesten (e Fësch- a Fëschereifestival) am Summer.

Vun do aus kann ee mat enger Fär op Vlissingen fueren. Nodeems de Westerscheldetunnel bei Terneuzen 2003 a Betrib geholl gouf, ass dës Fär just nach fir Foussgänger a Vëloen.

Kuckeswäertes [änneren]

  • De Liichttuerm vu Breskens ass vun 1867 an domatter deen eelsten nach erhalenen aus Stol an Holland. Zënter 1982 gehéiert en zum geschützte Patrimoine.
  • De Fëschereimusée

Geschicht [änneren]

1487 huet de Maximilian I. d'Küstesträif ëm d'Scheldemündung dem Philip vu Cleves iwwerlooss. Dës gouf dréchegeluecht, a 1510 gouf Breskens gegrënnt.

Breskens gouf den 11. September 1944, während der Operation Switchback, vun den Alliéierte Bommefligere bal ganz zerstéiert.

Commons: Breskens – Biller, Videoen oder Audiodateien