Middelburg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
LocatieMiddelburg.png

Middelburg ass eng Stad a Gemeng am Südweste vun Holland, an Haaptstad vun der Provënz Zeeland. Et läit op der Hallefinsel Walcheren.

D'Gemeng huet (den 1. Juli 2006) 47.168 Awunner an eng Surface vun 49 km².

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Wichtegst Uertschaften an der Gemeng

[änneren] Geschicht vu Middelburg

Middleburg gouf am 8. oder 9. Joerhonnert gegrënnt, fir de Wikingerinvasiounen de Bass ze halen. 844 gouf do eng Abtei gebaut, déi bis zum Achtzegjärege Krich bestoung. Haut ginn d'Gebaier als Musée an als Sëtz vun der Provënzregierung benotzt. 1217 huet Middelburg Stadrechter kritt.

Gotescht Stathaus

D'Stad war e wichtegen Handelszentrum. Am Mëttelalter huet et eng wichteg Roll am Handel tëscht Flandern an England gespillt. Méi spéit, am 17. Joerhonnert (dem Hollännesche Gëllenene Zäitalter), gouf et eng wichteg Handelsstad fir d'Hollännesch Ostindiengesellschaft. Honnertdausende vun Afrikanesche Sklave goufe vu Middelburg an Amerika transportéiert.

De 17. Mee 1940 huet déi däitsch Luftwaffe e grossen Deel vun der Stad futtigebommt.

[änneren] Kuckeswäertes

Eng Rëtsch stengen Haiser a Lagerhale laanscht de Kanal aus dem 17. Joerhonnert sinn erhale bliwwen. Och d'Festungsgrief aus dem 18. Joerhonnert ronderëm de mëttelalterleche Stadkär sinn nach ze gesinn. Eenzeg erhale Stadpaart ass d' Koepoort ("Koupaart").


[änneren] Jumelagen

[änneren] Um Spaweck

 
Gemengen an der Provënz Zeeland
Flag of Zeeland.svg

Borsele | Goes | Hulst | Kapelle | Middelburg | Noord-Beveland | Reimerswaal | Schouwen-Duiveland | Sluis | Terneuzen | Tholen | Veere | Vlissingen

Provënzen
Commons: Middelburg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen