Referendumen zu Lëtzebuerg
De Referendum zu Lëtzebuerg.
(...) mir hunn net d'Vollek gewielt mä d'Vollek huet eis gewielt. D'Vollek kennt eis a mir kennen d'Vollek well mer aus senger Mëtt kommen. An dofir wësse mer: d'Vollek hätt gären datt mer eis Aarbecht selwer maachen an Decisiounen huelen. Et wëllt tëschent de Walen net mat all Fro befaasst ginn iwwert déi mer eis heibannen net eens gi sinn. Et hätt gären datt mer iwwert eis Kontroversen ofstëmmen amplaz Deeler vun him nozelafen. Ween dem Vollek noleeft dee gesäit et nëmme vun hannen. Mä wann d'Vollek sech ëmdréit an eis an d'Gesiicht wëllt kucken, dann däerfe mer sengem Bléck net auswäichen. De Referendum ass kee Spillgezei fir Demagogen a Populisten. Et ass een Instrument dat a grousse Momenter dem Rendez-vous mam Vollek eng souverän Gréisst gëtt. (De Jean-Claude Juncker 2003 a senger Ried zu der Situatioun vun der Natioun)
De Referendum koum an d'Konstitutioun duerch d'Reform vun 1919. Zënterhier seet den Artikel 51, Paragraf 7:
- Les électeurs pourront être appelés à se prononcer par la voie du référendum dans les cas et sous les conditions à déterminer par la loi.
Den Artikel 51 iwwerléisst et dem Legislateur fir déi Fäll ze bestëmmen, bei deenen et zu engem Referendum kënnt.
Inhaltsverzeechnes |
Ukënnegung vun enger Erweiderung vun der Referendumspraxis [änneren]
An der Regierungsdeclaratioun vun 1999
De Referendum an der Lëtzebuerger Geschicht [änneren]
De Referendum vum 28. September 1919 iwwer de Statut vum Land [änneren]
Nom Éischte Weltkrich hat d'Lëtzebuerger Land, dat an enger déiwer politesch-moralescher Kris war, et och nach mat glëschtegen Noperen ze dinn, déi sech de Lëtzebuerger Territoire - direkt oder indirekt - wollten uneegnen. Innenpolitesch ass et am Fong drëm gaangen, ob d'Lëtzebuerger d'Monarchie wéilte bäibehalen oder léiwer eng Republik wéilten. Den 12. Mäerz 1919 huet d'Chamber mat 30 géint 20 Stëmme (d'Sozialisten an déi Liberal) beschloss, e Referendum iwwer déi zukënfteg Staatsform ofzehalen.
Een Arrêté huet d'Vollek opgefuerdert fir sech z'entscheeden tëschent:
- Bäibehale vun der Groussherzogin Charlotte
- Bäibehale vun der Monarchie ënnert enger anerer Groussherzogin (=> méigleche Comeback vun der Marie-Adelheid)
- Eng aner Dynastie (=> Albert I., Kinnek vun de Belsch, och Groussherzog vu Lëtzebuerg)
- Eng Republik
80 Prozent vun de Lëtzebuerger stëmme fir d'Bäibehale vun der Dynastie ënner der Groussherzogin Charlotte, déi de 15. Januar 1919 op den Troun koum, nodeems hir Sëschter Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg ofgedankt hat.
De Referendum vum 28. September 1919 iwwer eng "Union économique" [änneren]
Nodeems Lëtzebuerg am Dezember 1918 den Zollveräin mat Däitschland gekënnegt hat, huet d'Ländche sech missen en ekonomesche Partner sichen. D'Auswiel war net grouss, mä kriddeleg. D'Belsch hat d'Annektiounsgloscht opginn nodeems d'Groussherzogin Charlotte op den Troun komm war. D'Kinnekräich huet dunn un enger ekonomescher Unioun mat Lëtzebuerg geschafft an hat schonns Geheimverhandlunge mat Frankräich ugefaangen.
Mä d'Resultat vum Referendum huet eng däitlech Sprooch geschwat:
- Fir Frankräich : 60.133 Stëmmen;
- Fir d'Belsch: 20.242 Stëmmen.
Domatter hat d'Belsch net gerechent. D'belsch Regierung, déi doriwwer eraus géint e Bestietnes vun der Groussherzogin mat dem Prënz Felix war[1] , war rosen, an huet d'diplomatesch Relatioune mat Lëtzebuerg ofgebrach. Dem Prince de Ligne seng Missioun, fir zesumme mat der Regierung "d'Union économique" auszehandelen, war domat um Enn. Mä och d'Fransousen, déi d'Belsch net widdert de Kapp stousse wollten, well se ee (geheimt) Ofkommes iwwer militäresch Zesummenaarbecht mat hinne wollten aushandelen, wollte vun enger Wirtschaftsunioun mat Lëtzebuerg näischt wëssen. D'Lëtzebuerger Regierung krut deemno matgedeelt, si sollt sech an der Ugeleeënheet mat der belscher Regierung ënnerhalen. Esou koum et, datt d'Relatioune mat der Belsch erëm opgeholl goufen, an de 25. Juli 1921, no zéie Verhandlungen, eng Konventioun iwwer d'Union économique belgo-luxembourgeoise ënnerschriwwe gouf. D'Chamber huet déi awer eréischt de 5. Mäerz 1922, no laangen an haarden Debatten, ratifizéiert.
De Referendum vum 6. Juni 1937 iwwer d'Maulkuerfgesetz [änneren]
Den 23. Abrëll 1937 huet d'Chamber, no véier Deeg Diskussioun, mat 34 Stëmmen dofir, 19 dogéint, an enger Enthalung, e Gesetz gestëmmt, dat offiziell "Gesetz iwwer d'Verdeedegung vun der politescher a sozialer Uerdnung" housch, vu senge Géigner awer Maulkuerfgesetz genannt gouf; en Numm, ënnert deem et och nach haut bekannt ass.
Dëst Gesetz sollt et der Regierung erméiglechen, d'Kommunistesch Partei ze verbidden, an och soss Organisatiounen, déi an hiren Aen eng Gefor fir d'konstitutionnell Institutioune kéinten duerstellen, opzeléisen.
D'Oppositioun (virun allem d'Sozialisten), déi géint d'Gesetz war, huet argumentéiert, dëst Gesetz géif d'Meenungsfräiheet am Land op eng intolerabel Aart a Weis aschränken ,well d'Regierung kinnt willkürlech déi politesch Organisatiounen, déi hir net géife passen, einfach verbidden. Dohier och de Begrëff Maulkuerfgesetz. Well nom Vote d'Diskussioun éischter méi staark gouf, huet d'Regierung Bech decidéiert, de Sujet engem Referendum z'ënnerwerfen. Si war iwwerzeegt datt se, gestäipt duerch d'Wort, eng grouss Zoustëmmung géif kréien. Zu der Iwwerraschung vu villen huet de 6. Juni 1937 awer eng knapps Majoritéit vun der Bevëlkerung (50,67%) géint dëst Gesetz gestëmmt. Engem Deel vun de Rietswieler goung dëst Gesetz offensichtlech och ze wäit. De Joseph Bech, deen doduerch desavouéiert war, ass doropshin als Premierminister zeréckgetrueden.
De Referendum vum 10. Juli 2005 iwwer den Traité iwwert eng Konstitutioun fir Europa [änneren]
Nodeems d'Staats- a Regierungscheffen vun der EU allgemeng net zefridde ware mam Traité vun Nice, hu se am Dezember 2001 zu Laeken e Konvent an d'Liewe geruff, dee sech aus Vertrieder vu Regierungen, nationale Parlamenter, dem Europäesche Parlament an der Europäescher Kommissioun zesummegesat huet. Hie sollt ausschaffe, wéi d'Kompetenzen an der EU besser verdeelt kinnte ginn, wéi d'Funktionéiere vun hiren Instrumenter (Traitéen, Gesetzer, Institutiounen), dorënner déi bestoend Traitéen, vereinfacht kinnt ginn; a wéi ee méi Transparenz, Demokratie an Efficacitéit an d'EU erakréich.
Tëschent dem 28. Februar 2002 an dem 17. Juli 2003 ass de Konvent ënnert der Présidence vum Valéry Giscard D'Estaing zesummekomm, fir en Text auszeschaffen, deen dann den 20. Juli 2003 dem Europäesche Conseil zu Thessaloniki iwwerreecht gouf. D'Staats- a Regierungscheffe konnte sech awer net eens ginn, deen esou zustane gekommenen Text tel quel unzehuelen. Se hunn eng Regierungskonferenz aberuff, déi tëschent dem 4. Oktober 2003 an dem Juni 2004 den definitiven Text vum "Traité iwwert eng Konstitutioun fir Europa" ausgeschafft huet.
Zu Roum konnt dësen dann den 29. Oktober 2004 vun de 25 Staats- a Regierungscheffen ënnerschriwwe ginn. Fir datt e kann a Kraaft trieden, muss e vun deene 25 Länner duerch de Gesetzgiewer ratifizéiert ginn: sief et duerch d'national Parlamenter, sief et duerch Referenden.
De 27. Juni 2003 huet d'Lëtzebuerger Regierung decidéiert, den Traité engem Referendum z'ënnerwerfen. Den 10. November 2004 gouf den Datum vum Referendum op den 10. Juli 2005 festgeluecht.
Den 28. Januar 2005 huet d'Chamber d'Kader-Gesetz iwwer d'Ofhale vun engem Referendum zu Lëtzebuerg gestëmmt (Loi du 4 février 2005 relative au référendum au niveau national), dat den 3. Mäerz 2005 am Mémorial publizéiert gouf. Den 12. Abrëll dann huet d'Chamber e Spezialgesetz ugeholl, dat ë. a. d'Fro, déi gestallt soll ginn, definéiert huet:
- Sidd Dir fir den Traité iwwert eng Konstitutioun fir Europa, ënnerschriwwen zu Roum, den 29. Oktober 2004?
Den 10. Juli 2005 hu 56,52% vun de Wieler fir den Traité gestëmmt, 43,48% dogéint.
Literatur [änneren]
- Ben Fayot, Les quatre référendums du Grand-Duché de Luxembourg - Essai ; 'Editions de la Petite Amérique', Lëtzebuerg, 2006.
- Christian Calmes, 1919. L'Étrange Referendum du 28 Septembre ; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1979 (= 11. Band vun der Histoire Contemporaine du Grand-Duché de Luxembourg) ; 541 Säiten.
- Henri Koch-Kent, Ils ont dit NON au fascisme - Rejet de la loi muselière par le référendum de 1937 ; Lëtzebuerg, Broschür (vum Auteur selwer erausgin), 1982; 108 Säiten.
- Gilbert Trausch, Il y a cinquante ans... le <<Maulkueref>> ; in: d'Letzeburger Land, Nr. 23 / 5. Juni 1987 [= "Land"-Essay]; Ss. 8-9.
- http://www.mtk.lu/queeschdemocratieluxembourg.html: Alfred Groff (réd.), La démocratie et les référendums au Luxembourg; in English: in Kaufmann B. & Waters M.D., Direct Democracy in Europe, Carolina Academic Press, 2004, p. 90-92
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- Essai vum Ben Fayot a PDF (FR) op lsap.lu
- Den Text vum Vertrag iwwer eng Konstitutioun fir Europa a verschiddene Sproochen
- Demokratie asbl Initiativ fir Demokratie-Erweiderung Lëtzebuerg
Referenzen [änneren]
- ↑ Charles Barthel, Bras de fer, Säit 99