Henri Koch-Kent

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Historiker Henri Koch. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Henri Koch.
Henri Koch-Kent
Gebuer 2. Mee 1905
Lëtzebuerg
Gestuerwen 8. Oktober 1999
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Publizist, Journalist, Schrëftsteller
Famill
Bestuet mat Alison Kent
Papp Paul Koch
Putsch à Luxembourg?

Den Henri Koch-Kent, gebuer den 2. Mee 1906 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 8. Oktober 1999, war e lëtzebuergeschen Historiker, Journalist a Publizist.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Henri Koch huet Droit studéiert. Hie war 1933 President vun der ASSOSS an huet sech fréi an der antifaschistescher Beweegung engagéiert. Am Zweete Weltkrich war hien an der Resistenz a Südfrankräich, dunn zu London, wou e seng Fra, d'Alison Kent kennegeléiert huet. Fir net mam Escher CSV-Politiker mam selwechten Numm verwiesselt ze ginn, huet e bei senge Publikatiounen de Familljennumm vu senger Fra Alison Kent u säin drugehaangen.

Nom Krich huet hie fir international Pressagencë geschafft. Vun 1959 bis 1964 war en den éischten haaptberufflechen Direkter vum Lëtzebuerger Journal. An den 1970er an 1980er Joren huet en eng Rëtsch Bicher iwwer den Zweete Weltkrich geschriwwen, an deenen e sech zum Deel kritesch mat der Roll vun der Exilregierung auserneegesat huet. An deem Zesummenhank huet hien och Nofuerschunge gemaach iwwer d'Verbleiwe vun enger grousser Quantitéit Gold, déi d'Exilregierung mat op London geholl hat, a vun där nom Krich keng Spuer méi ze fanne war. Och dat sougenannt Maulkuerfgesetz an dee "geplangte Putsch", deen eng Rei vu Kritiker vun der Regierung nom Krich virgeworf kruten, fir monddout gemaach ze ginn (d'Virwërf vun der Regierung, well ouni Substanz, hu séier misse fale gelooss ginn), huet hien a senge Bicher beschriwwen.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1971: 10 mai 1940 en Luxembourg: Témoignages et documents; ënner dem Patronnage vun den Anciens combattants luxembourgeois de la guerre 1939 - 1945; Imprimerie Faber, Miersch; 336 S.
  • 1972: Hitlertum in Luxemburg 1933-1944. Beiträge zur Zeitgeschichte; Henri Koch-Kent, Jean Hames, Francis Steffen; Association des Enrôlés de Force, Victimes du Nazisme; Imprimerie Hermann,Luxembourg; Juni 1972; 47 S.
  • 1972: Luxemburger als Freiwild, Deutsches Fahndungsbuch, 1. Oktober 1943; Henri Koch-Kent, André Hohengarten; Imprimerie Hermann,Luxembourg; Dezember 1972; 40 S.
  • 197?: Luxemburg im SD-Spiegel. Ein Bericht vom 12. Juli 1940. Beiträge zur Zeitgeschichte, Heft 3; Henri Koch-Kent, André Hohengarten; Imprimerie Hermann,Luxembourg; 48 S.
  • 1974: Sie boten Trotz. Luxemburger im Freiheitkampf.
  • 1976: Doudot. Figure légendaire du contre-espionnage français.
  • 1980: Putsch à Luxembourg?; Imprimerie Hermann,Luxembourg; 80 S.
  • 1980: Putsch in Luxemburg. Ein Schildbürgerstreich (de)
  • 1982: Ils ont dit NON au fascisme. Rejet de la loi muselière par le référendum de 1937; Editioun vum Auteur, 109 S.
  • 1983: Vu et entendu. Souvenirs d'une époque controversée. 1912-1940.
  • 1986: Années d'exil. 1940-1944.
  • 1988: Halte à la falsification de l'histoire. Le procès Gomand (1945-1947): 114 témoins contre le gouvernement luxembourgeois en exil; Editioun vum Auteur, Imprimerie Hermann, Lëtzebuerg, 152 S.
  • 1990: Der parteilose Einzelgänger. Im Blick seiner Zeitgenossen.
  • 1993: Henri Koch-Kent raconte... remémore, relève, rectifie. P. Kraus, Imprimerie Centrale, Luxembourg, 326 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]